De Begrëff Heemecht dréckt eng enk Bezéiung tëscht Mënsch a Raum aus.

Mat Heemecht gëtt déi Uertschaft, déi Plaz oder dat Land bezeechent wou e Mënsch op d'Welt koum oder wou sech déi fréist Erliefnesser vu senger Kandheet a senger Sozialisatioun ofgespillt hunn. Déi Erfarunge markéieren d'Identitéit, de Charakter, d'Mentalitéit an déi reliéis wéi weltanschaulech Astellunge vun engem Mënsch. D'Heemecht ass deemno do, wou ee raimlech, zäitlech, sozial, emotional oder kulturell säin Doheem huet, wou ee sech doheem fillt, wou een heemesch ass.

D'Bewosstsi vun Heemecht gëtt och an der Lëtzebuerger Nationalhymn ausgedréckt, déi eeben Ons Heemecht heescht.

De Begrëff Heemecht a senge villschichtege Bedeitunge kënnt vum Däitschen Heimat a geet wäit iwwer de Begrëff Heemechtsland eraus, deemno e Begrëff, deen et sou weeder am Franséischen, Engleschen an Hollännesche gëtt an a kenger anerer Sprooch mat engem eenzege Wuert iwwersat ka ginn.

Zu Lëtzebuerg gëtt et och Veräiner, déi Heemecht an hirem Numm hunn:

Zu Wëlwerwolz gëtt et eng Strooss mam Numm "An Heemecht"[1],[2] an zu Péiteng nennt sech eng Immobiliefirma "Nei Heemecht Sàrl".

Kuckt och änneren

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. Wëlwerwoltz: An Heemecht
  2. Den Numm kënnt vum Flouer, enger Griecht déi "Heemicht" heescht.