E Mythos (aus dem aalgr. mýthos) oder eng Mythe ass eng Erzielung vun enger Gëtter-, Schëpfungs-, Vir- oder Fréigeschicht, déi dacks fantastesch Elementer enthält.

De Mythos ass eng bildhaft Weltausleeung a Liewensbedeitung an enger erzielerescher Berichtsform mat Symboler, Visiounen, a fabuléierenden Duerstellungen, déi awer och eng allgemeng Wourecht enthale kann. Dacks gëtt am Mythos d'Wierke vun de Gëtter un d'mënschlech Verhältnesser ugepasst (anthropomorph).

D'Mythe ginn an de Mythologien vun de Vëlker zesummegefaasst.

Als Géigesaz zum Mythos gëtt meeschtens pejorativ de Logos gesat, deen dem rationalen Discours zougänglesch ass.

Entstehung änneren

Mythe waren ëmmer dofir do, d'Welt an d'mënschlecht Wiesen z'erklären. Dëst gëtt besonnesch an de Schëpfungsmythen däitlech.

Literaturgeschicht änneren

D'op de Pabeier brénge vun de Mythen ass den "Ufank" vun der westlecher Literatur, déi ëmmer erëm zentral Motiver vum Mythos opgräift a verformt. Fir d'europäesch Kultur zielen do besonnesch d'griichesch-réimesch Mythen, déi säit dem Homer an Hesiod literaresch Motiver geliwwert hun, nach bis an d'18. Joerhonnert eran.

Beim Platon an Aristoteles kënnt de Mythos éischter schlecht ewech. Fir si kann de Mythos héchstens nach eng Unnäherung un d'Wourecht sinn.

D'Dichter vun der Romantik hunn erëm op d'griichesch, nordesch, a spéider och indesch Mythen zeréckgegraff.

D'Opklärung gesäit de Mythos als naiv, kannereg Stuf zum kloren Denken. De Max Horkheimer an den Theodor W. Adorno stellen um Ufank vum 20. Joerhonnert eng Gefor beim Verloscht vun de Mythe fest.

Aktuell Deitung änneren

An der haiteger Fuerschung gëtt de Mythos als rituell Widderhuelung an erzieleresch Veraarbechtung vu mënschlechen Urängscht ugesinn.

Den Nietzsche seet iwwer de Mythos: "Dem mythenlosen Menschen der Moderne fehlt die Kraft der Abbreviatur, der Horizontbegrenzung, die der Mythos leistet. Der Mythos ist die Matrix des Weltbildes – er stellt ein Bild von der Welt und umstellt die Welt mit Bildern."

Literatur zum Theema änneren

  • Max Horkheimer an Theodor W. Adorno, Dialektik der Aufklärung, 1969.
  • H. Blumberg, Arbeit am Mythos, 1979
  • K.-H. Bohrer (ersg.), Mythos und Moderne, 1983.
  • F. Creuzer, Symbolik und Mythologie der alten Völker, 1837-1858.