Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Trofeo Luis Puig war eng Vëloscourse vun engem Dag, déi a Spuenien an der autonomer Gemeinschaft Valencia gefuer gouf.

2005 huet Course zum UCI Europe Tour gehéiert a war dat Joer an der Klass 1.1 agestuuft.

2006 war d' Trofeo Luis Puig fir den 19. Februar geplangt. Well d'Zesummenaarbecht tëscht dem Organisateur Depergo an de Lokalautoritéite vu Benidorm net funktionéiert huet, an de Käschtepunkt vun der Course ze héich war, gouf d'Course ofgesot.

Nimm vun der Course änneren

Den aktuellen Numm vun der Course staamt vum Luis Puig, dem fréiere President vun der spuenescher Vëlossportfederatioun.

  • 1969 - 1979: Gran Premio de Valencia
  • 1981 - 2005: Trofeo Luis Puig

D'Gewënner änneren

1969: Carlos Echeverria   Spuenien
1970: Ramon Saez   Spuenien
1971: Frans Verhaegen   Belsch
1972: Eric Leman   Belsch
1973: Gustave Van Roosbroeck   Belsch
1974: Eddy Peelman   Belsch
1975: Eddy Peelman   Belsch
1976: Tomas Nistal   Spuenien
1977: Domingo Perurena   Spuenien
1978: Javier Elorriaga   Spuenien
1979: Antoine Gutierrez   Frankräich
1981: Noël Dejonckheere   Belsch
1982: Raimund Dietzen   Däitschland
1983: Noël Dejonckheere   Belsch
1984: Noël Dejonckheere   Belsch
1985: Enrique Aja   Spuenien
1986: Bernard Hinault   Frankräich
1987: Pello Ruiz Cabestany   Spuenien
1988: Acácio da Silva   Portugal
1989: Mathieu Hermans   Holland
1990: Tom Cordes   Holland
1991: Andreas Kappes   Däitschland
1992: Sean Kelly   Irland
1993: Laurent Jalabert   Frankräich
1994: Adriano Baffi   Italien
1995: Mario Cipollini   Italien
1996: Peter Van Petegem   Belsch
1997: Erik Zabel   Däitschland
1998: Andrei Tchmil   Belsch
1999: Mario Cipollini   Italien
2000: Erik Zabel   Däitschland
2001: Erik Zabel   Däitschland
2002: Serguei Ivanov   Russland
2003: Alessandro Petacchi   Italien
2004: Óscar Freire   Spuenien
2005: Alessandro Petacchi   Italien

Um Spaweck änneren