Henry VIII. vun England

Den Henry VIII. vun England, op en. dacks Henry Tudor genannt, gebuer den 28. Juni 1491 zu Greenwich a gestuerwen den 28. Januar 1547 am Whitehall-Palais zu London, war vu 1509 bis 1547 Kinnek vun England, souwéi zanter 1509 Här a vu 1541 u Kinnek vun Irland.

Henry VIII. vun England
Gebuer 28. Juni 1491 jul.
Palais vu Placentia
Gestuerwen 28. Januar 1547 jul.
Doudesursaach Alter
Nationalitéit Kinnekräich England
Aktivitéit Monarch, Komponist
Famill
Bestuet mat Anne Boleyn
Geschwëster Margaret Tudor
Kanner Mary I., Elizabeth I. vun England, Edward VI.
Den Henry VIII. gemoolt vum Hans Holbein d. J., 1536–1537.

Seng markantst Dot war et, d'englesch Kierch vun der Réimesch-kathoulescher Kierch ofzetrennen an enge eegen anglikanesch Staatskierch, d'Church of England opzesetzen, där hire Chef de Kinnek vun England soll sinn, an net de Poopst zu Roum. Dës Trennung hat zerguttst reliéis, sozial a politesch Suitë fir d'Geschicht vun England.

Den Henry war de jéngste Jong vum Kinnek Henry VII. an der Elizabeth of York. Wéi séi grousse Brudder Arthur 1502 stënterlech gestuerwen ass, gouf den Henry den Trounierwen. Den 21. Abrëll 1509 ass och säi Papp gestuerwen, sou datt hie mat 17 Joer Kinnek gouf. Hie gouf am Juni 1509 gekréint, a war deen éischten englesche Kinek mat enger Renaissance-humanistescher Bildung: hien huet e puer Sprooche geschwat, Gedichter geschriwwen a Musek komponéiert, an hat e groussen Intressi u reliéisen Theemen. An der Populärkultur ass den Henry VIII. virun allem dofir bekannt, sechsmol bestuet gewiescht ze sinn, woubäi zwee Bestietneeser annuléiert goufen, an zwou Fraen (d'Anne Boleyn an d'Catherine Howard) exekutéiert goufen.

No sengem Doud gouf säin néngjärege Jong Edward Kinnek, geschwënn dono seng eelst Duechter Mary an nach dono seng Duechter Elizabeth, mat där hirem Doud 1603 d'Tudor-Dynqstie op en Enn goung.

Um Spaweck änneren

Commons: Henry VIII. vun England – Biller, Videoen oder Audiodateien