Télé Luxembourg 50 ans

Télé Luxembourg 50 ans ass en Dokumentarfilm vum Andy Bausch aus dem Joer 2005 iwwer 50 Joer Lëtzebuerger Fernseegeschicht.

Télé Luxembourg 50 ans
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 1. Dezember 2005[1]
Dauer 72 min
Originalsprooch Franséisch, Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Andy Bausch
Fotografie Klaus Peter Weber
Schnëtt Misch Bervard
Dekoren Christina Schaffer
Produzent Joy Hoffmann, Alain Berwick
Stéphane Caboche (Exekutivproduzent)
Produktiouns-
gesellschaft
RTL Group, CNA
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

Den Documentaire erzielt d'Geschicht vum Sender Télé Luxembourg an aneren Televisiounssenderen am RTL Group.

Télé Luxembourg war den éischte Sender vun der CLT an ass den 23. Januar 1955 un de Start gaangen.

Interviewt gi vill Pionéier vun deemools, wéi de Gust Graas (Direkter vun der CLT vun 1952-1988), de Jacques Navadic, de Robert Diligent. Och de Pilo Fonck, de Félix Eischen, de Gaston Thorn (President vum Verwaltungsrot vun der CLT-UFA vun 1987 bis 2004) a vill aner Zäitzeien ginn hiren Temoignage.

Produktioun änneren

Den Documentaire gouf am Optrag vun RTL produzéiert. Dofir huet de Regisseur Andy Bausch Recherchen an den Archiver vum Centre national de l'audiovisuel (CNA) an dem RTL Group gemaach. Dem deemolegen Direkter vun RTL Télé Lëtzebuerg, dem Alain Berwick no, hätt den Andy Bausch "carte blanche" bei der Gestaltung vum Film gehat.[1]

Den Erzieler vun der lëtzebuergescher Versioun war de Pascal Becker, dee vun der franséischer Versioun war de Frank Sasanoff. D'Beryl Koltz war verantwortlech fir d'Iwwersetzung an déi artistesch Direktioun vun der franséischer Versioun.

De Film hat seng Première den 1. Dezember 2005 am Utopolis a gouf spéider am selwechte Mount op RTL Télé Lëtzebuerg gewisen.[1]

De Film änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 paperjam.lu: Les 50 ans de Télé Luxembourg: arrêt sur image (9. Dezember 2005)