De Robert Diligent, gebuer de 16. Juni 1924 zu Roubaix, a gestuerwen den 3. Januar 2014 zu Nice[1], war e franséische Journalist. Hie war ee vun de Matgrënner vun Télé Luxembourg a war och do den Direkter vun den Noriichten.

Robert Diligent
Gebuertsnumm Robert Antoine Diligent
Gebuer 16. Juni 1924
Roubaix
Gestuerwen 3. Januar 2014
Nice
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Journalist

An den 1950er Joren huet de Robert Diligent seng Carrière bei Télé-Lille engem Regionalprogramm vun der RTF ugefaangen. 1955 huet hien zesumme mam Jacques Navadic d'RTF verlooss fir zu Lëtzebuerg bei der nei gegrënnter Televisiounschaîne vun der CLT d'Noriichten ze presentéiren. Dës goufen ufanks an engem Mini-Studio um Ginzebierg zu Diddeleng, direkt nieft dem Sendemast, produzéiert.[2] Méi spéit gouf dat an der Villa Louvigny gemaach.

De Robert Diligent huet bis 1984 de Journal de Télé-Luxembourg (spéider a JTL ëmgedeeft) presentéiert. Duerno huet hien nach bis 1993 déi vun him geschaf Emissioun "I Comme…", e Magazine, presentéiert.[3].

De Robert Diligent

}

Bibliographie änneren

  • Robert Diligent raconte RTL TV (Ed. Grancher, 1993)
  • Chatte de vie (Les éditions du panthéon, 1997)
  • Au paradis des chiens (Les presses du midi, 2001) ISBN 2-87867-307-7
  • Histoires vraies, pas vraies, presque vraies ou qui pourraient l'être (Éditions Bénévent, collection Mercuria, 2003)
  • La femme idéale (Les presses du midi, 2010).

Referenzen änneren

  1. "Robert Diligent: Ee vun de Grënner vun Télé-Luxembourg ass dout." RTL.lu - 05.01.2014, 15:57 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.01.2014, 18:41.
  2. Les 50 ans de Télé Luxembourg: arrêt sur image op paperjam.lu.
  3. Générique vun "i comme…" vun 1986 an e puer Zeene mam Robert Diligent