Eng Zännradwann (de:Zahnstangenwinde; en:rack and pinion jack; fr:cric à crémaillère), ass en einfacht Hiefgeschier, dat kann agesat ginn fir Laaschten ze hiewen oder Elementer auserneenzedrécken an ofzestäipen.

Eng Zännradwann

Primitiv Zännradwanne funktionéieren doduerch, datt en Zännrad oder eng Schneck, déi an d'Zänn vun enger Zännstaang gräifen, déi an enger Kuliss gehalen ass, mat enger Kierb gedréint gëtt, an doduerch d'Zännstaang hin an hier geweegt. Fir datt den Objet dee soll gehuewe ginn net kann zeréckfalen, ass op der Achs vum Zännrad, en zweet Zännrad montéiert, an dat e Cliquet gräift, an doduerch verhënnert, datt d'Zännrad ongewollt hannerzeg dréint. Modern Wannen sinn dacks mat enger Laaschtdrockbrems ekipéiert.

D'Kraaft fir ze hiewen, gëtt duerch d'Hiewelgesetz bestëmmt, an hänkt deemno af vun der Längt vum Kierpenaarm, an dem Duerchmiesser vum Zännrad. An Zännradwanne fir ganz schwéier Laaschten ze hiewen, kënnen dofir och Iwwersetzungssytemer, a Form vun enger einfacher Boîte agebaut sinn.

Well d'Zännradwann en einfacht Geschier ass, a liicht ze transportéiren ass, kann et op ville Plazen agesat ginn, wéi z. B. bei de Pompjeeën oder a Konstruktiouns- a Reparaturatelieren.

Am normalen Handel fënnt ee kleng Wannen, vu 500 kg Hiefkraft un, an déi méi zolidd Modeller kënne bis 16 Tonnen hiewen.

Et gëtt nach ënnerscheet tëscht den Zännradwannen déi sech duerch d'Konstruktioun vum Boîtier selwer kënnen auserneendrécken, a kënnen transportéiert ginn, an déi bei deenen d'Gehais fest montéiert ass, wéi z. B. op Täissele vu Remorquen, oder bei de Paarte vu Schleisen oder op engem Wier.

Kuckt och änneren