Hei ass e klengen Iwwerbléck iwwer verschidde Methode fir Stären en Numm ze ginn.

D'International Astronomesch Unioun (IAU) ass déi an der Astronomie international unerkannt Autoritéit fir d'Zouweisung vu Bezeechnungen zu Stären an aner Himmelskierper. Vill vun den haut bekannte Stärennimm stamen nach aus der Zäit vu virun der Grënnung vun der IAU. Aner Nimm, haaptsächlech fir verännerlech Stären inklusiv den Novaen an de Supernovaen, gi stänneg nei derbäigesat. Déi meescht Stären hunn awer keen Numm, a ginn – wann iwwerhaapt – mat Hëllef vu Katalognummere bezeechent.

Eegennimm änneren

Vill vun den hellen oder irgendwéi interessante Stären hunn en eegenen Numm. Déi meescht stamen aus dem Arabeschen, wéi z. B. Algol oder Ras Algethi, et gëtt awer och verschiddener mat laténgeschem Numm, wéi Polaris oder Regulus, a verschiddener droen nieft dem arabesche respektiv laténgeschen och en däitschen Numm, wéi de Sirius op Däitsch "Hundsstern" (Hondstär) oder den Alkorop Däitsch "Reiterlein". Stäre sinn zum Deel och no hirem Entdecker genannt, wéi z. B. de Feilstär vum Barnard oder de Kapteyns Stär.

Bayer-Bezeechnung änneren

De Johannes Bayer hat een, nach haut wäit verbreete System, vu Benennunge vun den hellste Stäre vun all Stärebild mat griicheschen, a vereenzelt och laténgesche Buschtawen agefouert.

Flamsteed-Nummeren änneren

En änlecht System hat de John Flamsteed, andeems en d'Stäre vun de Stärebiller nummeréiert huet. Haut kënnt dëst System do zum Asaz, wou keng Bayer-Bezeechnung existéiert.

Benennung vu verännerleche Stären änneren

Verännerlech Stären, déi keng Bayer-Bezeechnung hunn, kréie speziell Bezeechnungen, déi s'als „Verännerlecher“ ausweisen.

Katalognummeren änneren

Wann et keng besser Method fir den Numm vun engem Stär gëtt, da ginn normalerweis Katalognummere benotzt. Bei der riseger Zuel vu Stären, déi eleng an eiser Mëllechstrooss bekannt sinn, ass dëst och déi eenzeg praktesch duerchféierbar Prozedur, déi och déi eendeiteg Identifikatioun an d'Erëmfannen op enger eenheetlech Aart a Weis garantéiert. Zu dësem Zweck existéiere vill verschidde Stärekatalogen, déi deels vun Astronomen zesummegestallt goufen, deels awer och an automatesche Vermiessungsprojeten duerch speziell Satellitten a grouss Observatoire gesammelt goufen.

Kaf vu Stären änneren

Et gëtt eng Rei vu Firmen an och Observatoiren, déi hire Clienten ubidden, fir Stären no hirem Numm ze nennen. Déi Nimm ginn awer vu kengem aneren, ausser vun dëser Firma a vum Client unerkannt an näischt léisst verschidden Observatoiren dovun ofhalen, de selwechte Stär e puermol ze „verkafen“. - D'IAU distanzéiert sech vun dëse Geschäfter (kuckt um Spaweck).

Um Spaweck änneren