De Ras Algethi (arab. رأس الجثي raʾs al-ğaṯī, »Kapp vun deem, dee knéit «) ass den drëtthellste Stär am Stärebild Hercules. An der Astronomie gëtt hie mat α Herculi oder kuerz α Her bezeechent. Säin Numm Ras Algethi staamt aus enger Iwwersetzung vum Almagest a gouf am Joer 1438 vum Johannes vu Gmunden iwwerholl.

Kaart vum Stärebild Hercules

De Ras Algethi ass zirka 382 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech (Hipparcos Datebank). Et ass en Duebelstär, dee schonn a klengen Teleskopen opgeléist ka ginn.

Den Haaptstär, ee gielroude Risestär mat der Spektralklass M5, ass en hallefreegelméisseg verännerleche Stär vum Typ My-Cephei, deem seng visuell Magnitude mat enger Period vun 125 Deeg tëscht +3,1 mag a +4,2 mag varièiert. Hie straalt ganz staark am Infraroutberäich.

Säi Begleeder, deen an engem Wénkelofstand vu 4,6" steet (Positiounswénkel 104°), ass e +5,4 mag helle Stär vun der Spektralklass F8. Fir en Ëmlaf brauch d'System ronn 3600 Joer.

Koordinaten Equinoxe J2000.0:

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie