Schwéidsbeng
(Virugeleet vu(n) Schwéidsbengen)
![]() |
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Schwéidsbeng ass eng Uertschaft an der Gemeng Schengen. Bis Enn 2011 huet se zu der fréierer Gemeng Welleschten gehéiert, déi du mat de Gemenge Biermereng a Schengen fusionéiert huet.
Schwéidsbeng | |
---|---|
![]() Wäibuer zu Schwéidsbeng | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Schwebsange de: Schwebsingen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Réimech |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Michel Gloden |
Awunner | 295 (2005) |
Koordinaten |
49° 30’ 42’’ N 06° 21’ 23’’ O |
GeographieÄnneren
D'Uertschaft Schwéidsbeng läit am Museldall. Südlech vu Schwéidsbeng läit Wëntreng, nërdlech dovun Bech-Maacher a Welleschten. D'Haaptstrooss déi duerch d'Uertschaft geet ass den CR152 deen do Wäistrooss (route du Vin) heescht. Parallel zum CR152 an der Musel leeft d'N1. Den CR152F mécht d'Verbindung vum CR152 mat der N1.
Fester a KuckeswäertesÄnneren
D'Onofhängegkeetsmonument, 1939, vum Josy Jungblut
- Den éischte Sonndeg am September ass Wäifest zu Schwéidsbeng, da leeft aus dem Buer bei der Kierch kee Waasser, mä Wäin.
- De Mediterrane Gaart
- D'Kierch Schwéidsbeng mat hiren zwéin Tierm; ee bei der viischter Dier riets, an een op der Héicht vum Chouer lénks.
Kuckt ochÄnneren
LiteraturÄnneren
- Schwéidsbengen an d'Musel: Geschichten an Erënnerungen, Publications Mosellanes, 2002, mat Texter vum Léon Gerges, Michèle Thoma, Michel Raus, Lex Jacoby, Georges Hausemer a Men Wiltzius, 86 Säiten.
Um SpaweckÄnneren
Commons: Schwéidsbeng – Biller, Videoen oder Audiodateien |