Heinz Potthoff

däitsche Politiker

Den Dr. Heinz Potthoff, gebuer den 30. Mäerz 1904 zu Bielefeld, an do gestuerwen den 13. September 1974, war en däitschen SPD Politiker.

Heinz Potthoff
Gebuer 30. Mäerz 1904
Bielefeld
Gestuerwen 13. September 1974
Bielefeld
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Politiker
Partei Sozialdemokratesch Partei vun Däitschland

Hie gouf 1952 vun der däitscher Bundesregierung bestëmmt, fir Däitschland, nieft dem Franz Etzel, an der Héijer Autoritéit vun der CECA ze representéieren. D'Héich Autoritéit huet den 10. August 1952 zu Lëtzebuerg hir Aarbecht opgeholl.

Den Heinz Potthoff war e self made man an huet ugefaangen als geléierte Maschinneschlässer a Redakter zu Bielefeld. Fir kënnen en Universitéitsstudium ze maachen ass hien op d'Heimvollekshéichschoul am Schlass Tinz bei Gera gaangen an huet d'Begabteprüfung am Kultusministère zu Berlin ofgeluecht. No sengem wirtschaftspolitesche Studium huet hie säin Doktorat op der Universitéit zu Köln gemaach. Hie war Referent an der Wirtschaftsgrupp Maschinnebau zu Chemnitz, Direkter zu Kassel an zu Herford, Ministerialdirigent am Wirtschaftsministère a schliisslech Member vun der Internationaler Ruhrautoritéit a Landtagsdeputéierten, ier hie Member vun der Héijer Autoritéit gouf.

Publikatiounen änneren

  • Potthoff, Heinz: Die europäische Integration, III. Die Montanunion in der europäischen Gemeinschaft, Düsseldorf 1965.
  • Potthoff, Heinz: Zwischen Schlosserlehre und Europapolitik. 1973, 276 S.
  • Potthoff, Heinz: Der öffentliche Haushalt Hamburgs im 15. und 16. Jahrhundert. An: Zeitschrift des Vereins für Hamburgische Geschichte 16, 1911, S. 1-185.