Schabloun:WDS 41
- ... an der Parkierch vu Bäerdref, ënner dem Haaptaltor, ee réimesche Véiergëtterstee steet, mat der Minerva, der Juno, dem Apollo an dem Herkules drop?
- … de lëtzebuergeschen Ethnolog Edouard Conzemius (1892-1931) e Spezialist vun de Miskito- a Sumu-Indianer an Honduras an Nicaragua war?
- … déi zwou Bensinnsstatiounen op der Aire de Berchem iwwer 300 Millioune Liter Brennes am Joer verkafen?
- ... den Adrien Ries (1933-1991) am Joer 1970 de Begrëff Nordstad geprägt huet, deen den urbane Ballungsraum ëm Dikrech an Ettelbréck bezeechent?
- ... Südafrika offiziell 3 Haaptstied huet: Pretoria als Verwaltungshaaptstad, Kapstad als Regierungs- a Bloemfontein als Geriichts-Haaptstad?
- ... d'Uelzechtstrooss zu Esch virun 1923, jee no Deelstéck, Avenue de l'Hôtel de Ville, Rue de la Poste a Rue Marie-Thérèse housch?