Schabloun:WDS 14. Oktober
- ... de Film Autobahnraser op der Lëtzebuerger A13 gedréint gouf, ier déi fir den normale Verkéier opgoung, an déi dofir kuerzfristeg mat däitschen Autobunnsschëlter 'ëmdekoréiert' gouf?
- … et an der Gemeng Réiser eng Strooss gëtt, déi no Sprengstoff genannt gouf?
- … an der Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg eng 6 Millioune Fotoen an Negativer vun 1855 bis haut iwwer d'Stad Lëtzebuerg versuergt ginn?
- ... de Salar de Uyuni mat enger Fläch vun 10.582 km² déi gréisste Salzwüst op der Welt ass?
- ... den Nicolas Kinsch vun Esch-Uelzecht Äerzbëschof vu Kisangani (Demokratesch Republik Kongo) war, den James Schwebach vu Platen 1Bëschof vu La Crosse (Wisconsin), de Jacques Mangers vu Stolzebuerg Bëschof vun Oslo war; de Jean-Baptiste Fallize vun Harel Apostolesche Vikar vun Norwegen an de Michel Fallize Generalvikar vun der Diözes Dacca (Bangladesch) ?