Schabloun:WDS 10. Oktober
- ... den Nicolas Kinsch vun Esch-Uelzecht vun 1959 bis 1967 Äerzbëschof vu Kisangani (Demokratesch Republik Kongo) war, den James Schwebach vu Platen 1891-1921 Bëschof vu La Crosse (Wisconsin) war; de Jacques Mangers vu Stolzebuerg vun 1953 bis 1964 Bëschof vun Oslo war; de Jean-Baptiste Fallize vun Harel 1892-1922 Apostolesche Vikar vun Norwegen war an de Michel Fallize och vun Harel 1889-1910 Generalvikar vun der Diözes Dacca (Bangladesch) war?
- ...d'Our, d'Sauer an d'Musel op deene Stécker vun hirem Laf, wou se d'Grenz tëscht Lëtzebuerg an Däitschland maachen, e Kondominium sinn?
- ... de Pont de Fer zu Huy an der Belsch entgéint sengem Numm net aus Eisen, mä aus Bloem Steen ass?
- ... dem Henry Miller säi Roman Quiet Days in Clichy ënner anerem och zu Lëtzebuerg spillt?
- ... d'Iechternacher Basilika am 19. Joerhonnert joerzéngtelaang eng Faïencerie war, an datt ee vun de Kierchtierm de Kamäin dovu war?