D'Bevëlkerungsdicht ass d'Moyenne vun der Awunnerzuel pro km² vun engem bestëmmte Gebitt (Land, Stad, Regioun asw.).

Länner änneren

Dat Land mat der

  • héchster Bevëlkerungsdicht: Monaco 18.682 Awunner/km² (2018)
  • niddregster Bevëlkerungsdicht: Mongolei 2 Awunner/km² (2018)

Fir ze vergläichen: d'Groussherzogtum Lëtzebuerg hat 2018 eng Bevëlkerungsdicht vun 235 Awunner pro km².[1].

Grönland huet mat 0,025 Awunner/km² nach méi eng niddreg Bevëlkerungsdicht wéi d'Mongolei, ass awer keen eegestännege Staat mä en autonomen Deel vun Dänemark. Dee Kontinent mat der niddregster Bevëlkerungsdicht ass d'Antarktis mit 0,0001 — 0,0003 Awunner/km².

Stied änneren

Déi héchst Bevëlkerungsdicht fënnt een an de Stied an an eenzele Quartieren. Zum Beispill huet Macau (haut Volleksrepublik China) schonn eng Dicht vu 16.521 Awunner/km². Den Distrikt Freguesia de Santo Antonio, en Deel vu Macao, kënnt eleng op eng Dicht vu bal 100.000 Awunner pro Quadratkilometer.

Déi warscheinlech héchst Bevëlkerungsdicht vun der Welt hat d'Zitadell vu Kowloon, eng chineesesch Enklav zu Hong Kong, déi 1993 ofgerappt gouf. Do hu 50.000 Awunner op enger Fläch vun nëmmen 0,026 km² gewunnt, wat eng Bevëlkerungsdicht vun 1.900.000 Awunner/km² entsprécht.

Kuckt och: änneren

Referenzen änneren

  1. STATEC: Luxemburg in Zahlen 2020, S. 47