S/2003 J 16

Jupitermound


Den S/2003 J 16 ass ee vun de klenge Mounde vum Planéit Jupiter.

S/2003 J 16
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2003 J 16
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 20.956.000 km
Periapsis 16.207.000 km
Apoapsis 25.705.000 km
Exzentrizitéit 0,227
Ëmlafzäit 616,33 Deeg
Ëmlafvitess 2,47 km/s
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser ≈ 2 km
Visuell Magnitude (mag) 23,3
Entdeckung
Entdecker IFA Hawaii
Entdeckungsdatum 6. Februar 2003

Entdeckung änneren

Den S/2003 J 16 gouf de 6. Februar 2003 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. De Mound huet bis elo nach keen offiziellen Numm kritt. Bei de Jupitermounde sinn dat an der Reegel weiblech Gestalten aus der griichescher Mythologie. S/2003 J 16 ass déi virleefeg offiziell Bezeechnung.

Bunndonnéeën änneren

Den S/2003 J 16 kreest a 616 Deeg, 8 Stonnen an 38 Minutten op engem mëttleren Ofstand vun 20.957.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2246. Mat enger Bunneschréi vun 148,5° géint de Laplace-Plang ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotationsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den S/2003 J 16 der Ananke-Grupp, benannt nom Jupitermound Ananke, zougeschriwwen.

Physikalesch Donnéeën änneren

Den S/2000 J 16 huet en Duerchmiesser vu ronn 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass méiglecherweis haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut. Hien huet eng donkel Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04 op, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert.

Um Spaweck änneren