Rue de Halanzy (Hollerech)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der fréierer Rue de Halanzy zu Hollerich. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Rue de Halanzy (Homonymie). |
D'Rue de Halanzy war bis uganks vun den 1980er Joren eng Strooss am Quartier Hollerech vun der Stad Lëtzebuerg. Se goung am Gaasperecherbierg, ënnerzeg vun der Eisebunnsbréck, als Sakgaass a Richtung Oste fort bis bei Fabrécksgebaier vu Paul Wurth S.A.[2].
Numm | fr: Rue de Halanzy |
---|---|
Fréieren Numm |
fr: Rue du Chantier (bis 1925)[1] Holdingerstraße |
Bemierkung | D'Strooss besteet net méi! |
Längt | ca. 200 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Hollerech |
Koordinaten |
49° 35’ 48.1’’ N 06° 07’ 07.3’’ O |
Genannt no | Hueldang |
Duerch de Bau vum Gebai vun den Assurances Sociales ass dës Strooss verschwonnen.
D'Strooss hat den Numm vun der haiteger belscher Uertschaft Hueldang (fr: Halanzy), déi iwwer Joerhonnerten a bis 1839 zum Groussherzogtum Lëtzebuerg gehéiert huet.
Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss Holdingerstraße geheescht, als däitsch Iwwersetzung vun Halanzy[3].
Biller
ännerenKuckt och
änneren- Déi „nei“ Rue de Halanzy zu Beggen
Um Spaweck
änneren- D'Lag vun der fréierer Rue de Halanzy op geoportail.lu, der offizieller Plattform fir geographesch Donnéeën a Servicer vun der Administration du cadastre et de la topographie.
Referenzen an Notten
änneren- ↑ „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11
- ↑ Evy Friedrich, 1983. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 13: 30-31
- ↑ Luxemburger Wörterbuch Bd. 2, Sp. 182b bis 185ba op infolux.uni.lu, dem Fuerschungsportal iwwer d'Lëtzebuergescht