Ënneschtgaass (Stad Lëtzebuerg)
D'Ënneschtgaass (offiziell: rue Notre-Dame) ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg, déi parallel mam Boulevard Roosevelt vum Boulevard Royal bis bei de Gruef (rue du Fossé) verleeft.
Lëtzeb. Numm | Ënneschtgaass |
---|---|
Ënnerhal vu(n) | Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg |
Situatioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Quartier(en) | Uewerstad |
Postcode | L-2240 |
Koordinaten | 49°36'36,00"N, 6°7'46,67"O |
Morphologie | |
Längt | 420 m |
Héicht i. M. | 299 m |
Geschicht | |
Genannt | 1. Juni 1854 |
Si war zu der Zäit vun der Festung déi südlechst (an deemno ënnescht) Ost-West-Verbindung an der Stad. An hirem ëstlechen Deel stinn, um Eck mat der Clairefontaine-Plaz, de Refuge Sankt Maximin (bis 2017 Ausseministère, zanter 2019 Sëtz vum Staatsministère), do donieft den Agank vun der fréier Jesuittekierch (an haiteger Kathedral Notre-Dame), dann de fréiere Jesuittekolléisch (bis 2019 Nationalbibliothéik). Vis-à-vis stoung Ufanks de Refuge vum Klouschter Märjendall, dee spéiderhin an de Sëtz vun der Interbank, dunn noeneen an e Pensionat, Altersheem a Veräinshaus ëmgebaut gouf. Vun 2014 un ass do de Centre Guillaume-II dran.
Um westlechen Enn sinn als markant Gebaier de fréiere Biergercasino (haut Casino Luxembourg) an déi zweet Stater Synagog (1943 vun den Nazien ofgerappt) z'ernimmen.
Ufanks war d'Strooss nom Jesuittekolléisch genannt. Nodeem déi Schoul zougemaach gouf, gouf och d'Strooss ëmbenannt a Rue Marie-Thérèse. Ënner der franséischer Revolutiounsherrschaft housch se Rue de l'École centrale. 1807 krut se den Numm Rue de la Mairie, bis se 1821 erëm Rue Marie-Thérèse genannt gouf. Zanter dem 1. Juni 1854 huet se hiren haitegen Numm Rue Notre-Dame[1] a gouf iwwersat och Liebfrauenstrasse genannt. Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet just den Numm Liebfrauenstrasse benotzt dierfe ginn[2].
Biller
änneren-
Dat fréiert Veräinshaus am Agank vun der Ënneschtgaass, Eck Um Gruef.
-
Haaptentrée vun der Kathedral
-
Plack an der Ënneschtgaass op der Plaz vun der fréierer Synagog (Gebai wou haut de Ministère de l'éducation nationale et de la formation professionnelle dran ass).
-
De fréiere Biergercasino, haut Casino Luxembourg.
-
D'Ënneschtgaass 1828.
Um Spaweck
ännerenCommons: Rue Notre-Dame – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 31: 27.
- ↑ Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32.