Joseph Groben

lëtzebuergeschen Auteur

De Joseph Groben, gebuer den 18. Mäerz 1935 zu Eppelduerf[1], ass e lëtzebuergesche Literaturwëssenschaftler, Auteur a Professer[2].

Joseph Groben
Gebuer 18. Mäerz 1935
Eppelduerf
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Literaturwëssenschaftler, Professer, Schrëftsteller
Member vun Section des arts et lettres vum Institut grand-ducal
Famill
Kanner Françoise Groben

Hien ass virun allem bekannt als Auteur vu kulturellen, literatur- a konschtkriteschen an och historeschen Texter. 1974 huet hien de Kammerorchester Les musiciens gegrënnt, deem säi President hie bis haut ass.

Hien ass Member vum Institut grand-ducal, Section des arts et lettres.

De Joseph Groben ass bestuet a Papp vun zwee Meedercher, der Violonistin Anne Groben an der Cellistin Françoise Groben. Hien ass den Eedem an de Verwalter vum Nikolaus Hein sengem Wierk, dat hien nei erausbruecht huet.

Studium a Beruff änneren

No senger Primärschoul zu Bouneweg huet de Joseph Groben 1954 seng Première am Stater Kolléisch gemaach. Duerno huet hie Germanistik, Romanistik a Slawistik zu Lëtzebuerg, Wien, Paräis a Moskau studéiert.

Duerno huet hie vun 1959 bis 1998 Latäin, Däitsch, Franséisch a Russesch am Stater Jongelycée enseignéiert. Vun 1972 bis 1992 huet hien däitsch Literatur um Centre universitaire zu Lëtzebuerg enséignéiert.

Säi Wierk änneren

Fënnef beschtbekannt Verëffentlechunge vum Joseph Grobe sinn:

  • Kërfecher am Museldall. Gedächniskultur von der Antike bis zur Gegenwart, 2021. Imprimerie Centrale, 191 S.. ISBN 978-2-87978-230-0
  • Die Stadt Luxemburg. Dichtung – Malerei – Musik, 2017. Imprimerie centrale, 333 S. Mat enger CD-ROM. ISBN 978-2-87978-200-3
  • Das Moseltal. Dichtung - Malerei - Musik, 2015. Hrsg. J. Groben. Verlag Michael Weyand, Trier. ISBN 978-3942 429-17-7
  • Connaissance de l'ancien Duché de Luxembourg, 2000. E Buch iwwer d'Haaptuertschaften aus dem fréieren Herzogtum Lëtzebuerg;
  • Mosella. Historisch-kulturelle Monographie, 2004 (éischt Editioun, Saint-Paul Lëtzebuerg) an 2011 (aktualiséiert an iwwerschafft zweet Editioun, Verlag Weyand, Tréier, 311 S.). ISBN 978-3-935 281-82-9;, e Buch iwwer d'Musel an d'Kulturgeschicht vum Dall vun der Musel, dat vun der Quell bis zur Mëndung an de Rhäin;
  • Sites historiques autour du Grand-Duché - Historische Stätten rings um das Grossherzogtum; Lëtzebuerg (Sankt-Paulus), 2012; 318 Säiten (ill.) + 2 CDen.

Weider Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Requiem für ein Kind. Trauer und Trost berühmter Eltern (Hrsg.), Dittrich Verlag, Köln 2001, ISBN 3920862325

Kritesch Editiounen (Auswiel) änneren

  • 'Als flösse die Mosel mitten durch sein Herz' - Nikolaus Hein, Ausgewählte Werke, herausgegeben und kommentiert von Joseph Groben; Lëtzebuerg, Éditions Guy Binsfeld, 2016; 623 Säiten (ill.) + 1 CD mat Vertounungen an Originalopname vum Nikolaus Hein.
  • Nikolaus Hein, Der Verräter, Erzählung; virgestallt a kommentéiert vum Joseph Groben; Bd. 6 vun der Collectioun 'Lëtzebuerger Bibliothéik'; Miersch (Centre national de littérature (CNL) / Lëtzebuerger Literaturarchiv), 1994.

Literatur änneren

  • Conter, C.D. & Kremer, C., Joseph Groben. In: Luxemburger Autorenlexikon, Centre national de littérature, Miersch, S.225-226.

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Luxemburger Lexikon, S. 153.
  2. Luxemburger Autorenlexikon, Groben Joseph