Patch-Radio ass eng Emissioun um Radio 100,7 déi vum Carlo Link kreéiert gouf a sporadesch diffuséiert gëtt.

Bei Geleeënheet ë. a. vun Anniversairen, gi Geschicht, respektiv d'Liewe bei Perséinlechkeeten, oder vun Institutiounen, an engem Toun-"patchwork", och genannt "feature", mat Toun-Dokumenter aus dem Radio-Archiv beliicht an erzielt. Den éischte Patch-Radio gouf de 14. Oktober 2002 zum 25. Joresdag vum Doud vum Tun Deutsch diffuséiert.

Radio's Leit vu fréier, déi an der Emissioun gewierdegt goufe waren: de Léon Moulin, Pol Leuck a Pierre Nilles.

Aner Theme waren ë. a.: d'Geschicht vun RTL mat de verschiddene Programmer (4 Deeler), Télé Luxembourg, The Family of Man, Entertainer vun der Nationallotterie (2 Deeler 2004), De Mikro war dobäi (Raymond Tholl), d'Equipe vum Staminee mam Pir Kremer, International Gréissten aus dem Show-Geschäft zu Lëtzebuerg, Theater-Enregistrementer-Eugène Heinen, Grand Prix Eurovision de la Chanson aus Lëtzebuerger Siicht, Mythos Titanic, 50 Joer Saarländischer Rundfunk, 15 Joer Radio 100,7 - e Stéck Lëtzebuerg, Viru 40 Joer Hei elei, kuck elei Ufank a Filmproduktiounen (2 Deeler), Titanic (Rediff. an aktualiséiert 14.04.2012),