Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Ënner Aarmut versteet ee fir d'éischt de Manktem[1] u liewenswichtege Gidder (beispillsweis Iessen, Logement, Kleedung),  am weideren  allgemenge Sënn d'Feele vun deem, wat gebraucht oder vermësst gëtt. Als sozioekonomescht Konzept gëtt den Aarmut als en Zoustand vu staarker sozialer Benodeelegung ugesinn,[2] wat zu enger ongenügender Versuergung mat materielle Gidder a Déngschtleeschtunge féiert.[3]

D'Europäesch Unioun definiert als „aarm“ deen, dee manner wéi 60 % vum duerchschnëttlechen Akommes vu sengem Heemechtsland zur Verfügung huet. Bei den ekonomeschen Aarmutskonzepter gëtt doriwwer eraus tëscht relativer Aarmut an absolutter Aarmut en Ënnerscheed gemaach.

Definitiounen

änneren
 
Weltkaart mat dem Prozentsaz vun der Bevëlkerung, dee mat manner wéi 1 Dollar pro Dag liewe muss. UN Schätzungen 1990-2005.

Fest oder absolut Grenze gëtt et keng.

Absolut Aarmut

änneren

Fir en Iwwerbléck iwwer d'Probleme vun den Entwécklungslänner kënnen ze ginn, huet de fréiere President vun der Weltbank, Robert McNamara, de Begrëff vun der absolutter Aarmut ageféiert. Hien definéiert absolut Aarmut als d'Liewen ënner dem ënneschten Niveau dee fir z'existéieren erfuerderlech ass.
D'International Development Association (IDA) huet follgend Indikatoren opgestallt, déi déi absolut Aarmut ëmzeechnen:

Aus de Statistike vun der Weltbank geet ervir, datt d'Bevëlkerung, déi ënner der Aarmutsgrenz liewe muss, zanter 1990 zeréckgaangen ass:[4]

Povcalnet Date fir 1990, 2002 an 2004
Regioun 1990 2002 2004
Ostasien a Pazifik 15.40 % 12.33 % 9.07 %
Europa an Zentralasien 3.60 % 1.28 % 0.95 %
Latäinamerika a Karibik 9.62 % 9.08 % 8.64 %
Mëttleren Osten an Nord-Afrika 2.08 % 1.69 % 1.47 %
Südasien 35.04 % 33.44 % 30.84 %
Mëttel- a Südafrika 46.07 % 42.63 % 41.09 %

Relativ Aarmut

änneren

D'Aarmut zu Lëtzebuerg

änneren

Lëtzebuerg figuréiert zwar fir 2006 weltwäit op der éischter Plaz an der Statistik vum Akommes pro Kapp vun der Bevëlkerung (71.400$), gefollegt vun de Vereenegten Arabeschen Emirater (49.700), Norwegen (46.300), Irland (44.500), USA (43.800), Schwäiz (43.800). Dat wëllt awer net heeschen dat et zu Lëtzebuerg keng Aarmut gëtt.[5] D'Caritas beweist de Géigendeel:[6]

Verdeelung vun de Liewensniveauen, Akommesaarmut vun de Stéit (1999)
Disponibelt duerchschnëttlecht Akommes (netto) pro Stot am Mount a LUF 142.216
Disponibelt duerchschnëttlecht Akommes (netto) am Mount a LUF 120.250
Disponibelt duerchschnëttlecht Akommes (netto) pro Mount a Stot a LUF  88.476
Disponibelt Akommes am Mediane Schnëtt(netto) pro Mount a Stot a LUF  76.775
Proportioun vu Stéit mat engem Liewensniveau vu manner:        (a %):
Akommes (netto)) 50 % ënner der Mediane 5,6 %
Akommes (netto) 60 % ënner der Mediane 11.2 %
Akommes (netto) 70 % ënner der Mediane 19.1 %
Proportioun vun Eenzelpersoune mat engem Liewensniveau vun  :   (a %):
50 % ënner der Mediane 6.0 %
60 % ënner der Mediane 12.0
70 % ënner der Mediane 19.8

[7]

Et stellt een also fest, dat 11.2 % vun de Stéit, respektiv 12 % vun den Eenzelpersounen déi zu Lëtzebuerg wunnen, mat engem Liewensniveau vu 60 % ënner der Mediane auskomme mussen.

De Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg huet d'Theema Aarmut zu Lëtzebuerg vun 1850 bis haut an enger besonnescher Ausstellung opgegraff[8], déi vum Mee 2011 bis Abrëll 2012 gedauert huet.

Referenzen

änneren
  1. Brodbeck, Karl-Heinz: Ökonomie der Armut
  2. Reinhold G./Lamnek S./Recker H.: Soziologie-Lexikon, Seite 32
  3. Stichwort: Armut am Heidelberger Online-Lexikon der Politik
  4. World Bank, 2007, Povcalnet Aarmutsstatistik
  5. Welt auf einen Blick
  6. Caritas
  7. Quell: PSELL2 – CEPS/Instead
  8. « Pauvre Luxembourg? »

Literatur

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Aarmut – Biller, Videoen oder Audiodateien