Metaphysik ass en Deelgebitt vun der Philosophie.

Originn a Bedeitung vum Wuert "Metaphysik" änneren

Wéi den Andronikos vu Rhodos dem Aristoteles säi Wierk klasséiert huet, huet hie mat den 8 Bicher iwwer d'Natur (op griichesch φύσις) ugefaangen. Do hannendrun huet hien déi 14 Bicher iwwer d'Philosophie gestallt a se τὰ μετὰ τὰ φυσικά (dat hanner der Physik (hei also am Sënn vun Natur)), obschonn den Inhalt vun dëse Bicher éischter virdru gepasst hätt well dodran, ënner anerem, d'Gondlage vun der Physik vum Aristoteles opgezeechent ginn. Sou kënnt et datt d'Wuert haut zwou Saache bezeechene kann:

  1. en Deel vum Wierk vum Aristoteles, dat an d'Geschicht vun der Philosophie agoung well et als éischt probéiert huet d'Philosophie systematesch, logesch an allgemenggëlteg ze begrënnen.
  2. d'Studium vun den éischten Ursaache vum Sinn, dat dann och méi oder manner passend kann als dat bezeechent ginn dat hanner der Physik läit.

Theemen änneren

Aféierend Beispill änneren

Dacks ass et schwiereg iwwerhaapt ze verstoen ëm wat et an der Metaphysik geet. Follgend einfacht Beispill soll hellefen där Saach méi no ze kommen.

An engem Raum steet en Dësch an um Dësch läit en décken, säftege, gréngen Apel. Iwwer den Apel kann een eng ganz Rei metaphysesch Froe stellen.

  • Den Apel ass e gutt Beispill fir e physeschen Objet: et kann een en an de Grapp huelen, e geheien, en iessen asw. En ass am Raum an an der Zäit. Sou kéint ee froen "wat mécht dann elo e physeschen Objet aus?" Besteet et just aus dem Zesummeschloss vu sengen Eegenschaften (deck, gréng, säfteg...) oder gëtt et eng Substanz déi et ausmécht, well et kann een sech jo och e klengen, dréchene rouden Apel virstellen an en awer als Apel erkennen.
  • Eng aner Fro ka sinn: "wat ass eng Eegenschaft?" Gréngsinn an Apelsinn sinn zwou verschidde Saachen: en Apel kann een an de Grapp huelen awer d'Eegenschaft Gréngsinn net. Et existéieren och vill aner Saachen déi d'Egeschaft Gréngsinn besëtzen, wéi ass et also mat dem Gréngsinn u sech, gëtt et eng Universalie Gréngsinn.
  • Den Apel existéiert am Raum (am Raum um Dësch) an an der Zäit (e war virun enge Zäit nach net do a wäert och iergendwann net méi do sinn). Mä wat heescht Raum an Zäit? Ass de Raum z. B. en 3-dimensionalt onsichtbart Gitter an deem den Apel ass? Existéiert dat Gitter nach wann een den Apel an all aner physesch Objeten ewechhëllt?

Dëst si Beispiller vu metaphysesche Froen. Si deite schonn un datt et ëm eppes geet dat net mat naturwëssenschaftleche Methode kann erfuerscht ginn.

Ënnerdisziplinnen änneren

  • D'Ontologie (Léier vum Sinn) befaasst sech mat Froe wéi s'am aféierende Beispill genannt goufen, déi mat der Existenz vun Objeten (eventuell och Gedankenobjeten) ze dinn hunn.
  • D'rational Theologie freet no der/den éischter/en Ursaache vum Sinn. Si kënnt no un d'natierlech Theologie erunn.
  • D'Philosophie vun der Perceptioun freet a wéi engem Mooss dat wat mir wouerhuelen der Realitéit ensprécht an ob et eng Realitéit gëtt déi eis onzougänglech ass.

De Begrëff „Sinn“ änneren

Fir e metaphysesche System ass d'Aart a Weis wei een d'Sinn opfaasst vu grousser Wichtegkeet. Traditionell gëtt et 2 verschidden Usätz:

Univokt Verständness vum Sinn änneren

„Sinn“ ass hei déi aller-allgemengst Charakteristik vu Saachen (genannt „dat wat ass“ oder „Entitéiten“). Et ass dat, wat allem wat ass nom Eweghuele vu sengen individuellen Eegenschaften ëmmer nach gemeinsam ass: datt et ass.

Dëse Begrëff vum Sinn féiert zu enger sougenannter „Wiesensmetaphysik“. De Géigepart vum Sinn ass hei d'„Wiesen". D'Sinn erlaabt dem Wiesen d'Existenz.

Analogt Verständness vum Sinn änneren

Hei ass „Sinn“ dat wat allem zoukënnt, mä op verschidde Manéieren (Analogia entis). D'Sinn ass dat, wouran all d'Saache engersäits d'selwecht sinn awer woura se sech anerersäits och ënnerscheeden.

Dëse Begrëff vum Sinn féiert zu enger sougenannter „Metaphysik vum Sinn“. De Géigepart vum Sinn ass hei d'„Näischt" well näischt baussent dem Sinn stoe kann.

Kritik a Géigekritik änneren

Zu allen Zäiten, besonnesch awer zanter der Opklärung gëtt d'Metaphysik kritiséiert well se sech mat net-erfuerschbare Saachen auserneesetze géif an dofir als sënnlos kéint betruecht ginn. Sou sot z. B. der Rudolph Caranp „Metaphysiker si Museker ouni musikalescht Kënnen."

Dës Kritik iwwersäit awer datt een dee Metaphysik ofleent u sech just en anere metaphysesche System (mat engem aneren Ausgangspunkt) opstellt. Dëst kënnt z. B. am Theodor W. Adorno senger Aussoo „Datt keng Metaphysik méiglech ass, gëtt zur leschter“ zum Ausdrock.

Um Spaweck änneren

Commons: Metaphysics – Biller, Videoen oder Audiodateien