Als Inquisitioun (vum laténgeschen: inquisitio = Ënnersichung) gouf eng juristesch Prozedur sowéi och d'Institutioune bezeechent déi déi Prozedur gebraucht hunn, fir am spéide Mëttelalter bis an d'fréi Neizäit Ketzer an Heretiker ze bekämpfen. Se huet d'Geschicht vum Occident wärend 700 Joer markéiert an Dausende vun Affer gefuerdert.

Wope vun der spuenescher Inquisitioun

Virgeschicht änneren

Schonn am 1. Joerhonnert n. Chr. hu verschidden héich Kleriker ëmmer nees Gleeweg deenen hir Usichten deene vun der Kierch net entsprach hunn, als Heretiker duergestallt. Dee Konflikt tëscht der Kierch an Aneschtgleewegen huet am fréie Mëttelalter zäitweileg u Bedeitung verluer, awer vu géint 1075 un hat de Klerus de Problem datt ëmmer nei Beweegungen entstoungen déi de Kierchecheffen hir Interpretatiounen a Fro gestallt hunn. Ëmmer méi Leit spieren an där Zäit e Manktem vu Spiritualitéit a se sinn onzefridde mam weltleche Muechtbedierfnes a mat dem materielle Räichtum vun der Kierch. E vun der Kierch hire geféierlechste Gegner waren d'Katharer déi grouss Partië vu Südfrankräich a vun Norditalien dominéiert hunn. Si gleewen datt den Däiwel d'Welt erschaaft huet a se refuséieren d'Sakramenter. Aner Gruppe wéi d'Waldenser, wäichen net sou staark vum Glawen of, ginn awer vum Kerus als potentiell Gefor fir d'Eenheet vun de Chrëschte gesinn.

D'Kierchecheffen haten dunn d'Aufgab fir eng Léisung géint déi Gefor ze fannen an hunn no an no eng Strategie ausgeschafft, wéi se mat deene sollten ëmgoen déi dem Glawen net méi trei waren. Fir si gëlle vun deem Ament un all déi, déi aner chrëschtlech Léiere wéi déi aktuell gëlteg vertrieden a sech och net mat Beléierunge bekéiere loossen, als Ketzer oder Heretiker.

Fir eng chronologesch Iwwersiicht kuckt wgl.: Chronologie vun der Inquisitioun

Andeelung änneren

Et gouf awer eigentlech keen eenheetleche Verfollgungsapparat, et gouf villméi am Laf vun der Zäit méi sou Institutiounen déi sech deelweis staark vuneneen ënnerscheet hunn. Se hunn awer all de selwechte Prinzip gehat, nämlech mat systematesche Recherchen Heretiker a Ketzer z'iwwerféieren.

Sou kann een d'Geschicht vun der Inquisitioun a véier Komplexer andeelen:

  • Mëttelalterlech Inquisitioun (1231 bis ± 1400)
Am Joer 1231 huet de Poopst Gregor IX. déi Inquisitioun an d'Welt gesat an Enquêteuren a bestëmmt Géigende geschéckt fir do ketzeresch Aktivitéiten z'ënnersichen an ze bestrofen. Vun 1252 un huet e peepstlechen Dekreet deenen Inquisiteuren et erlaabt d'Leit ze folteren. Well d'Kierch selwer net um Doud vun engem wollt schëlleg sinn, ginn déi Verurteelt der weltlecher Justiz iwwerstallt. Sou entstoung en Netz vun Inquisiteuren an Tribunaler, dat sech iwwer Frankräich, Italien an zum Deel och iwwer Däitschland verspreet hat, a vum Vatikan dirigéiert gouf, allerdéngs ganz labber.
  • D'Hexeverfollegungen (1430 bis 1782)
Géint 1430 hu verschidden Inquisiteuren Männer a Frae beschëllegt Hexer an Hexen ze sinn. Grouss Hexeverfollegungen (virun allem géint Fraen) gouf et awer eréisch méi spéit ëener der Verantwortung vu weltleche Geriichter. Déi hunn allerdéngs déi Methode gebraucht déi déi kierchlech Enquêteure schonn an d'Welt gesat haten. Déi lescht Fra déi der Hexerei beschëllegt war, gouf 1782 higeriicht.
  • Spuenesch Inquistioun (1480 bis 1834)
D'Spuenesch Inquisitioun déi zwar mam Accord vum Poopst entstanen ass, awer virun allem ënner kinneklecher Opsiicht stoung, war besser strukturéiert a war d'Haaptinstrument fir vu 1480 un de spueneschen Zentralstaat z'ënnerszëtzen, andeems s'ee besonnesch disziplinéierte Katholizismus duerchgesat huet. Et goufendobäi och e puer Stëtzpunkten an der Neier Welt. Se huet sech doduerch ausgezeechent datt se ganz sytematesch virgaangen ass. 1834 war Schluss dermat.
  • Réimesch Inquisitioun (1542 bis 1965)
Fir op de Protestantismus ze reagéieren huet de Poopst Paul III. 1542 eng nei Institutioun d'Réimesch Inquisitioun agesat. Se gouf vun engem Kardinolsgremium gefouert an huet vill Prozesser géint Reformateuren an duerno och bannent der Kierch gefouert. Bis an d'19. Joerhonnert eran huet se Heretiker verurteelt. Hire Schwéierpunkt louch awer op der Zensur vu Bicher, a sou ass den Index vun de verbuedene Bicher entstanen. Déi Institutioun gouf eréischt 1965 am Kader vum Zweete Vatikanesche Konzil ofgeschaaft a vun der Glawenskongregatioun am Vatikan ersat déi sech zwar nëmme méi mat reng kierchleche Strofe befaasst.