Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Theodizee (vu gr. θεός = Gott an δίκη = Gerechtegkeet) ass e Problem mat deem déijéineg Relioune (besonnesch d'Chrëschtentum) konfrontéiert sinn, déi e Gott mat follgenden Eegenschafte postuléieren:

  • allmächteg
  • allgüteg
  • allwëssend.

Well dës Eegenschaften, logesch gesinn, net mat der Existenz vu Leed an der Welt kompatibel sinn, op d'mannst net mat deem, wat duerch Naturkatastrophen entsteet (Leed dat op iergendeng Manéier de Mënsch als Ursaach kann hunn, kann nämlech dësem senger Fräiheet ze verbuche sinn). Engem allwëssenden (1), allgütegen (2) an allmächtege (3) Gott muss et awer

  1. bekannt sinn, datt Leed existéiert, a wéi d'Mënschen et empfannen
  2. leed doen, seng Geschöpfer am Leed ze gesinn
  3. méiglech sinn, d'Mënsche virun deem Leed ze beworen.

"Léisungsusätz" änneren

Eng Léisung déi der formaler Logik gerecht gëtt ass evidenterweis net méiglech.

  • Et ass méiglech un den Eegenschafte vu Gott ze freckelen an eng ze relativéieren, mä dat steet da meeschtens am Géigesaz zum Gottesbild vun deem een ausgeet.
  • D'Leed an der Welt ka relativéiert ginn.
  • Et muss een aushalen datt et keng Léisung gëtt déi eis zefriddestellt.