Sex kënnt als Begrëff aus dem Laténgeschen (sexus) a bedeit Geschlecht.

An der Wëssenschaft blouf dëst Wuert als Begrëff op seng laténgesch Bedeitung reduzéiert. Als Prefix gëtt et awer ënner anerem fir e sëllege sexualspezifesch Disziplinnen, Zoustänn a Geschlechtlechkeetsforme gebraucht (Sexuologie, Sexualitéit, Sexualstéierung, Heterosexualitéit, transsexuell asw).

Ëmgangssproochlech dogéint ëmfaasst de Begrëff quasi alles, wat am Zesummenhank mat dem Geschlecht steet, mat der Geschlechtlechkeet ze dinn huet, a gëtt inflationär an ondefinéiert als Schlagwuert gebraucht. De moderne lëtzebuergesche Sproochgebrauch steet do ënner dem Afloss vum US-Engleschen, wou Sex als Ofkierzung fir sexual intercourse gewéinlech als Bezeechnung fir Geschlechtsverkéier oder Kopulatioun gebraucht gëtt. Primär versteet een dorënner also all Zort vu sexuellem Kontakt tëscht zwou oder méi Persounen. Am Allgemenge bezeechent Sex haut awer wéi gesot och all déi aner Praktike wéi Analverkéier, Oralverkéier, Petting, sexuelle Fetichismus, Sado-Maso, etc., soubal méi wéi eng Persoun bedeelegt ass.

Wa méi wéi zwou Persounen um Sex bedeelegt sinn, da gëtt vu Gruppesex geschwat, am spezielle Fall vun dräi Bedeelegten ëmgangssproochlech och vun engem Flotten Dräier. Sex oder sexuell Befriddegung vun engem eenzele Mënsch mat an u sech selwer gëtt Masturbatioun genannt (an ass definitiounsgeméiss en Oxymoron).

Op de sexuelle Kontakt an/oder de Geschlechtsverkéier a senge Variatiounen erlaabt soll sinn oder net, do hunn all d'Gesellschaften an och déi verschidden a relativ reliéis Interpretatioune an Applikatiounen hir eethesch a moralesch Virstellungen a Prinzipien dozou. Dat gëllt virun allem am Hibléck op de Geschlechtsverkéier als deen Akt, deen de Fortbestand vun der mënschlecher Spezie duerch d'Prokreatioun vun neie Generatiounen oprecht erhale soll.

Sou gëtt z. B. Inzest vun deene meeschte Gesellschafte wéinst der Méiglechkeet vun Inzucht (psycho-biologesch an eventuell och anatomesch Ofwäichunge vun der Norm) verworf. All dës moralesch Virstellunge ginn als Sexualmoral bezeechent, déi haut ë. a. an der westlecher Welt awer net méi als normativ Moral, mä als net normativ, allgemeng verbreet Meenung ugesi gëtt.

Sex tëscht Déiere gëtt normalerweis Begattung genannt, nëmme bei de Bonoboafen déngt Sex bal d'selwecht wéi beim Mënsch och der sozialer Interaktioun.


Sexologie

Agdistis - Amourohilie - Androgyn - Geschlechtsorganer bei der Fra - Geschlechtsorganer beim Mann - Hermaphroditos - Heteromorphie - Heterosexualitéit - Homosexualitéit - Libido - Masturbatioun - Narzissmus - Phenotyp - Pornographie - Salmakis - Sex - Sexualitéit - Sexualpedagogie - Transgender - Zwitter


Um Spaweck änneren

Commons: Sex – Biller, Videoen oder Audiodateien