Conférence nationale des élèves du Luxembourg

D'Conférence nationale des élèves du Luxembourg (CNEL), och als Schülerkonferenz bekannt, ass déi offiziell Schülervertriedung vu Lëtzebuerg. Se setzt sech aus den Delegéierte vun de verschiddene Schoulgebaier zesummen. Hiert Zil ass et, d'Meenung vun de Schüler virum Ministère wei och virun aneren Institutioune sou gutt wéi méiglech ze vertrieden. Hir Existenz ass gesetzlech zanter 1997 am modifizéierte Gesetz vun 1990 (Loi modifié du 4 septembre 1990 portant réforme de l'enseignement secondaire technique et de la formation professionnelle continue) verankert an hire Fonctionnement ass am Règlement grand-ducal du 2 février 2015 portant organisation de la Conférence nationale des élèves gereegelt. Fir de geneeë Fonctionnement huet s'en internt Reglement.

Geschicht änneren

D'Schülerkonferenz hat fréier hiert administratiivt Sekretariat am Educatiounsministère, allerdéngs hat se jorelaang de Wonsch fir eng Vollzäitplaz ze kréien an domat och méi onofhängeg ze ginn. 2013 krut d'CNEL dunn eng éischt Kéier en internt Reglement an e Bureau Executif (BE), mat un der Spëtzt engem President, dee verantwortlech fir d'Gestioun an d'Koordinatioun vun der CNEL ass. Zousätzlech krut d'CNEL vum Staat dunn am Mee 2014 eng Vollzäitplaz bei der Jugendkonferenz, déi de BE ënnerstëtzt. 2015 krut d'CNEL en neie Règlement grand-ducal an domat och eng nei visuell Identitéit, virun allem also en neie Logo, mä och eng nei Websäit.

Presidenten änneren

Schouljoer Numm
2013-14 Kevin Lopes
2014-15 Kevin Lopes
2015-16 Max Bintener
2016-17 Max Bintener
2017-18 Kimon Leners
2018-19 Kimon Leners

Um Spaweck änneren