Eng Batterie oder e Schlogezei (en[1]: drum set, drum kit) ass en Ensembel vu Perkussiounsinstrumenter, dat aus verschiddenen Trommen an Deckele besteet: kleng a grouss Tromm, 2 bis 3 Toms, een Hi-Hat, verschidde Jummdeckelen a weider kleng Perkussiounsinstrumenter wéi Holzbléck, Kouklacken a Schellekranz.

1. Crash-Deckel. 2. Déif Tom. 3. Héich a mëttelst Tom. 4. Déck Tromm. 5. Kleng Tromm. 6. Hi-Hat.

D'Schlogezei gëtt a ville Museksformen agesat (Orchestermusek, Pop, Jazz, Rock, Metal, asw.) a gëtt vum Batteur (Drummer) mat Hänn a Féiss gespillt:

Déi eenzel Bestanddeeler vum Schlogezei änneren

Kleng Tromm änneren

Déi kleng Tromm (snare Drum) ass den Haaptdeel a sou feste Bestanddeel vun enger Batterie. D'kleng Tromm steet direkt virum Batteur a gëtt mat den Drumsticks gespillt. D'Snare Drum gëtt en hellen Toun vu sech.

Déck Tromm änneren

Déi déck Tromm (bass drum) ass de gréisste Bestanddeel vun enger Batterie. Si steet um Buedem an ass op béide Säiten ofgestäipt. Si gëtt gewéinlech mam rietse Fouss iwwer eng Foussmaschinn gespillt, woubei en Hummer widder d'Tromm schléit. Déi déck Tromm gëtt e ganz déiwen Toun vu sech a gëtt bei quasi all Beat gebraucht.

Toms änneren

Dat sinn zousätzlech Trommen, déi entweeder op Stänneren um Buedem stinn, oder op der décker Tromm montéiert sinn. Meeschtens sinn et der dräi, déi ronderëm déi kleng Tromm placéiert sinn, meeschtens hirem Klang no: lénks déi héich Tom (high tom), an der Mëtt déi mëttelst Tom (mid tom) a riets, op Stänneren, déi déif Tom (low tom).

Deckelen änneren

En Hi-Hat an ee bis dräi Jummdeckele stinn an Auerzäerrichtung an engem Hallefkrees ronderëm d'Trommen. Si ginn och mat de Schléier ugeschloen a ginn, ofhängeg vun der Festegkeet an der Häert vun de Schléier, verschidde grell Téin vu sech, well s'aus Metall sinn.

Hi-hat änneren

Lénks vum Batteur, direkt nieft der klenger Tromm, steet en Hi-Hat. Dat ass en Instrument mat zwéi Jummdeckelen, déi iwwerenee festgemaach sinn a mat enger Fousspedall aktionéiert ginn. Den Hi-Hat kann deemno mam Fouss, mat de Schléier oder gläichzäiteg mat Fouss a Schléier gespillt ginn.

  • Fouss (w/foot): déi zwéi Jummdeckele gi widderenee gedréckt, an et entsteet e Klang, deen direkt gedämpft gëtt.
  • Schléier (w/open): wéi en normale Jummdeckel
  • Fouss a Schléier (w/closed): déi zwéi Jummdeckele leie widdereneen a ginn da wéi en normale Jummdeckel ugeschloen. Well déi zwéin Deckelen net ganz platt sinn, existéiert en Huelraum, sou datt déi zesummegedréckt Jummdeckelen (closed hi-hat) domp vibréieren.

Jummdeckelen änneren

Et gëtt verschidden Zorte vu Jummdeckelen:

  • Ride-Deckel (ride cymbal): e schwéieren Deckel, deen zimmlech laang kléngt, wann en ugeschloe gëtt (= ride with the music); hie gëtt fir e reegelméissege Rhythmus (Groove) agesat a steet meeschtens riets vum Batteur iwwer der déiwer Tom.
  • Crash-Deckel (crash cymbal): dës méi liicht Deckelszort gëtt meeschtens net am Groove agesat, mä éischter fir Akzenter ze setzen.
  • Chineeseschen Deckel (China cymbal): eng Zort Crash-Deckel mat héichgezunnenem Rand, deem säi Klang méi kuerz unhält a méi schmotzeg wierkt.
  • Splash-Deckel (splash cymbal): eng Zort Crash-Deckel, déi méi e klengen Duerchmiesser huet, an doduerch hell a sprëtzeg kléngt. Hie gëtt dowéinst fir Akzenter agesat. De Splash-Deckel steet dacks an der Mëtt direkt iwwer der klenger Tromm.

Notatioun änneren

D'Noute fir d'Schlogezei ginn an normaler Notatioun mat engem neutralen Nouteschlëssel geschriwwen.

Déi eenzel Instrumenter aus Metall wéi d'Jummdeckele gi mat kräizfërmegen Noutekäpp duergestalt, déi verschidden Tromme mat normale ronnen Noutekäpp.

 
Schlogezei-Notatioun an haiteger Schreifweis.   Ofspillen ? / i

Um Spaweck änneren

Commons: Drumset – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. An dësem Artikel ginn déi meescht Begrëffer a Bezeechnunge fir eenzel Perkussiounsinstrumenter op Englesch a Klamere gesat, ouni allkéiers "en:" derbäi ze setzen.