Pierre Schumacher
Dësen Artikel iwwer en Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Pierre-Charles, genannt Pit Schumacher, gebuer den 3. Januar 1936 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergesche Moler, Schrëftsteller a pensionéierten Architekt.
Pierre Schumacher | |
---|---|
Gebuer |
3. Januar 1936 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Institut catholique de Paris, École nationale supérieure des beaux-arts |
Aktivitéit | Architekt, Moler, Auteur |
Famill | |
Papp | Hubert Schumacher |
Hien ass de Bouf vum Architekt a fréieren Direkter vun der Administration des bâtiments publics, dem Hubert Schumacher.
Liewen
ännerenDe Pit Schumacher huet seng Première am Jongelycée an der Stad gemaach, dräi Joer laang Philosophie am Institut catholique de Paris an duerno Architektur op der École des beaux-arts zu Paräis studéiert. Als diploméierten Architekt hat hie vun 1967 bis 1996 en Architektebüro an der Stad.
De Pierre Schumacher ass och Moler a Schrëftsteller. Hien hat eng Rei Ausstellungen zu Lëtzebuerg an huet dräi Gedichter-Sammlunge vum Raymond Schaack illustréiert. Hien huet och verschidde Bicher geschriwwen, grad wéi Gedichter a philosophesch Iwwerleeungen an Nos cahiers an an de Cahiers luxembourgeois.
Hie war eng Zäit laang Member vum Conseil national du livre, bis 2013 President vum Institut grand-ducal, Section des arts et lettres an ass zënter 2012 och membre correspondant vun der Académie nationale vu Metz.
Wierker
ännerenArchitektur
ännerenAuswiel vun de Bauwierker vum Pit Schumacher:
- Landesbank Schleswig-Holstein, Kirechbierg (zesumme mam F. Fabeck)
- Christiana Bank, Lampertsbierg
- Den Norske Kredietbank, Uewerstad (zesumme mam A. Theisen)
- Centre Financier Paribas, Uewerstad (zesumme mam F. Fabeck)
- Hôtel Le Royal, Uewerstad
- Résidence Hôtel de Luxembourg, Uewerstad
Molerei
ännerenDe Pit Schumacher hat eng Rëtsch Ausstellungen, dorënner:
- Structures Oniriques (Hôtel Le Royal, 1989)
- Arrière-Pays (Hôtel Le Royal, 1991)
- Lieux (Hôtel Le Royal, 1994)
- Terrain Vague (Hôtel Le Royal, 1997)
- Correspondances (Art Gallery, 1999)
Hien huet och verschidde literaresch Wierker Illustréiert, ë. a.:
- Raymond Schaack: Miniatures (1986)
- Raymond Schaack: Onyx (1996)
- Paul Kremer: Ein Denken für das XXI. Jahrhundert (2007)
- Raymond Schaack: Voyages dans l'imaginaire (2011)
Publikatiounen
änneren- Quand deux trains se croisent, 2005, 132 S., Ed. Saint-Paul, 940 S. (2 Vol.), ISBN 978-2-87996-781-3, och als digitaalt Buch disponibel.
- La quatrième saison : journal de 2002 - 2009, 2010, 940 S. (2 Vol.), Ed. Imprimerie Centrale, ISBN 978-2-87996-580-2.
- Pages sans défense : 50 poèmes, 2015, 57 S., Ed. Chloé des Lys (Barry), ISBN 978-2-87459-846-3, och als digitaalt Buch disponibel.
- Les écluses de la mémoire, 2016, 126 S., Ed. Imprimerie Centrale, ISBN 978-2-87978-194-5.
Literatur
änneren- Schmit, Sandra, 2007. Schumacher, Pierre. S. 558 in: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zesumme mat Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit a Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1.
- Michel Schroeder, 2016. Un livre d'art et de balades médiatives : Pierre Schumacher publie... an der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek, Nr. 236, S. 9.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen an Notten
änneren- ↑ (fr)NAISSANCES. Luxembourg (1935), 2. Jg., nº 6, p. 6. (06.01.1936). Gekuckt de(n) 16.06.2024.