Haaptmenü opmaachen

De Paul Kremer, gebuer den 8. Mee 1943 zu Dikrech[1], ass e pensionéierte lëtzebuergesche Philosophiesprofesser an Auteur.

De Paul Kremer, e neoplatonesche Philosoph [Source?], huet 1968 op der Sorbonne (Paräis) eng Thèse de 3e cycle an der Logik gemaach: Concept et existence chez Frege. Am Kader vum Stage pédagogique fir Professer am Secondaire ze ginn, huet hien 1970 e Memoire ënner dem Titel Wende der Zeit - anhand von Heidegger verdeedegt. 1974 gouf e Professer am Lycée Robert-Schuman an der Stad. Um Enn vu senger Carrière am Enseignement huet hien och als Assistant-professeur op der Universitéit Lëtzebuerg Course ginn.

Hien ass zanter ronn 30 Joer fräie Mataarbechter vun RTL Radio Lëtzebuerg, a mécht Konferenzen a Kommentaren am Soziokulturelle Radio.

De Paul Kremer ass President vun der Commission nationale d'éthique.

De Paul Kremer war Ceinture noire am Karate an Triathlet.

Publikatiounen (Auswiel)Änneren

  • Wende der Zeit. Éditions Schortgen, 2011; 164 Säiten; ISBN 978-2-87953-134-2. [Dëst Buch spigelt dem P. Kremer seng 30-järeg Mataarbecht bei RTL erëm].

LiteraturÄnneren

  • Wirth, Nico, 2012. Paul Kremers Buch Wende der Zeit. Irrstern Luxemburg. - d'Lëtzebuerger Land vum 17. Februar 2012, S. 18-19.

Referenzen an NottenÄnneren