Regierung Werner-Schaus I

Koalitiounsregierung

D'Regierung Werner-Schaus I ass aus de Chamberwale vum 1. Februar 1959 ervirgaangen. Et war eng Koalitiounsregierung aus CSV an DP, déi den 2. Mäerz 1959 vereedegt gouf an aus 7 Ministere bestanen huet.

Si war bis de 15. Juli 1964 onverännert an Amt.

Zesummesetzung änneren

  • Pierre Werner (CSV): Staatsminister, President vun der Regierung; Finanzminister
  • Eugène Schaus (DP): Vizepresident vun der Regierung; Minister fir Aussebezéiungen an Aussenhandel; Arméiminister
  • Emile Colling (CSV): Minister fir Aarbecht a Sozialversécherung, Minister fir Gesondheet
  • Robert Schaffner (DP): Bauteminister, Minister fir Sporterzéiung
  • Émile Schaus (CSV): Minister fir Landwirtschaft; Erzéiungsminister; Minister fir Bevëlkerung a Famill
  • Paul Elvinger (DP): Minister fir Justiz, Wirtschaft a Mëttelstand
  • Pierre Grégoire (CSV): Inneminister, Minister fir Kultus, Konschten a Wësenschaft; Transportminister

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren