Weser / Vesdre

belsch-däitschen Floss
(Virugeleet vu(n) Weser (Vesdre))

D'Weser (fr: Vesdre) ass ee ronn 60 km laange belsch-däitschen Zoufloss vun der Ourthe.

D'Weser bei Limbourg
D'Weser zu Pepinster
D'Weser zu Trooz
D'Weser zu Goffontaine ënner der Eisebunnsbréck

De Laf vun der Weser

änneren

D'Weser entsteet aus dem Zesummefloss vun e puer klenge Baachen ouni Numm déi hir Quell op dem Imgenbroicher Venn (am Naturschutzgebitt Héicht Venn) op enger Héicht vu ronn 600 m hunn. Dës Baache lafen an enger Griecht um Konzer Venn zesummen op enger Héicht vu 550 m a vun do un ass et d'Weser. No zwielefhonnert Meter gëtt eng Partie an e Kanal geleet, deen an de Steinbach leeft, fi méi spéit erëm an d'Weser ze kommen.

Dëse gouf tëscht 1960 a 1962 ugeluecht fir datt d'Waasser vun der Weser bakteriologesch méi propper soll bleiwen. Dat Waasser wat net an dee Kanal ofgeleet gëtt, leeft dem ale Baachbett no a Richtung Däitschland fir bei der Grenzmaark N° 836 iwwer d'Grenz ze goen. Hei leeft se duerch d'Uertschaft Roetgen fir no 1.800 m erëm bei der Maark 881 op déi belsch Grenz ze kommen. Vun do un bis bei d'Mark 867 mécht si d'Grenz op enger Längt vun 1000 m tëscht deenen zwee Länner. Vu do leeft se weider no Südwesten a kritt da gläich hiren éischten Niewefloss, den Eschbach fir dann no zwéi km op enger Héicht vun 360 m an de Stauséi vun der Wesertalspär ze lafen.

Do kënnt vu lénks de Getzbach (fr:Ghete) dran. Aus dem Séi eraus leeft se no Weste fir no 3,5 km op Eupen ze kommen, wou se an der Unterstadt Gesellschaft kritt vun der Hill (fr:Helle). Duerno kënnt s'op Goé, wou d'Gileppe draleeft an dann dréint se no Norde fir op Limbourg ze kommen. Do mécht si eng Kéier, a Limbourg läit an dëser Schleef.

No 6 Kilometer Gekréngels an engem schmuelen Dall kënnt si dann op Verviers. An der Tëschenzäit ass nach vu riets de ruisseau de Villers dragelaf. Soubal si aus Verviers eraus ass, dréint se no Süden a kritt gläich drop vu riets de ruisseau de Fiérain derbäi.

Da leeft si erëm no Westen a Richtung Pepinster wou se vu lénks nach vun der Hoëgne gefiddert gëtt. Da geet et weider iwwer Trooz, Chaudfontaine a Vaux-sous-Chèvremont fir zu Chênée viru Léck an d'Ourthe ze lafen.

Geschicht

änneren

Dat kallekaaremt Waasser vun der Weser war e grousse Virdeel fir d'Textilindustrie, déi sech am Ufank vum 17. Joerhonnert an hirem Dall niddergeloss hat an déi ganz Géigend zu Wuelstand bruecht huet. Am Ufank waren och déi Talspären an der ganzer Géigend nëmmen als Wasserreservoir fir d'Textilindustrie geduecht.

Et ass eréischt zanter de 1960er Joren, datt dat Waasser aus dem Héije Venn, dat bakteriologesch ganz propper ass, als Drénkwaasser verschafft gëtt.

Nieweflëss

änneren

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Vesdre – Biller, Videoen oder Audiodateien