D'Gare Pepinster ass eng Gare vun der SNCB zu Pepinster, op der Eisebunnsstreck Léck-Oochen, um PK 20,252 tëscht der Gare vun Nessonvaux an där vu Verviers. Et ass eng Käilgare a läit tëscht der Linn 37 an der Linn 44 vun där s'en Terminus ass.

D'Glashal mat Vue op de Quai vun der Linn 37

D'Gare vu Pepinster ass 1843 opgaange wéi d'Weserstreck a Betrib geholl gouf. Et war en hëlzent Gebai dat eréischt 1888 mat engem stenge Bau ersat gouf. Dat Gebai war en Zeie vum wirtschaftlechen Opschwonk an der Géigend. D'Eisebunn war voll am Lafen a Pepinster, dat net wäit vu Verviers ewech louch war eng wichteg Gare fir d'Verbindung Däitschland-Spa-Lëtzebuerg. Et war e grousse Bau aus Hasteng a rouden Zillen mat engem héije géien Daach dee mat Leeë gedeckt war. Op der hënneschter Säit wat eng Glashal, déi d'Marquisen op den zwéi Quaie matenee verbonnen huet.

1944 géint Enn vum Krich hat d'Wehrmacht d'Gare a Brand gestach an nëmmen en Deel vun der Glashal hat d'Feier iwwerlieft. Et huet du bis 1952 gedauert bis datt eng nei Gare gebaut gouf. Déi nei Gare an L-Form gouf op de Fëllementer vun där aler opgeriicht. D'Glashal iwwerdeckt d'Entréeë vun den Unterführungen. Se gouf 1989 als Monument klasséiert a gouf am Joer 2000 komplett restauréiert.