De Paul Retter, gebuer de 16. September 1928 zu Beetebuerg a gestuerwen de 17. Mee 1980 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Architekt a Geschäftsmann.

Paul Retter
Gebuer 16. September 1928
Beetebuerg
Gestuerwen 17. Mee 1980
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Architekt, Urbanist

Hien huet op der École supérieure d'architecture zu Paräis studéiert an no sengem Diplom als Architekt och nach Urbanismus studéiert. Seng Diplomaarbecht goung iwwer Les types d'aménagement fonctionnel du territoire luxembourgeois, an där e proposéiert huet, en zentrale SIdlungsraum tëscht Dikrech a Rodange ze schafen, fir dem ländleche Raum am Rescht vum Land säi Charakter ze loossen.[1]

Hie war en Adept vun der Charta vun Athen, engem urbanistesche Konzept, dat gär tabula rasa mat Alem a resolut nei Bebauung an d'Plaz virgesäit, woubäi Aktivitéite wéi Wunnen, Schaffen, Akafen a Fräizäit raimlech wäit getrennt sollte sinn.[2]

Hie war ausserdeem Besëtzer vum Grand Garage de Luxembourg an hat de Monopol fir Chrysler-Autoen zu Lëtzebuerg ze verkafen, an huet Hotel-Restaurante bedriwwen.[2]

Wierker änneren

Vun him sinn d'Pläng vun 73 Bauprojeten an der Stad Lëtzebuerg, dorënner der 31 an der Uewerstad, zéng op der Gare, 16 um Belair an zéng zu Hollerech, déi tëscht 1955 an 1980 realiséiert goufen. Et sinn dat ë. a. d'Gebaier Forum Royal, Centre Bourse, Puits Rouge, den Nr. 49 um Boulevard Royal oder d'Vergréisserung vum Hotel Rix, oder och d' Euroffice an de Centre Hermes op der Gare.[1]

Ausserdeem huet hien de Kino Le Paris zu Beetebuerg, den Hotel Reserve du Mullerthal, den Domaine Beauregard, a soss Gebaier entworf.[2]

Biller änneren

Literatur änneren

  • Robert L. Philippart / Christian Aschman (photos): "Le difficile chemin vers la grande ville. Regards croisés sur l'oeuvre de Paul Retter, architecte et urbaniste à Luxembourg de 1957 à 1980." In: d'Lëtzebuerger Land 05.11.2021, Nr.44, S.12-13.
  • Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 219.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Robert L. Philippart: "Vor 40 Jahren starb der Architekt und Urbanist Paul Retter." tageblatt.lu, 14. Mai 2020.
  2. 2,0 2,1 2,2 Philippart/Aschman 2021 an der Literatur.