Den Hotel Rix war en Hotel an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. E louch op Nr. 20 um Boulevard Royal, am Deel tëscht der Arsenalstrooss an der Avenue Monterey.

Historesches änneren

D'Villa an där den Hotel etabléiert war huet uganks der Famill Saur-Koch gehéiert déi um Boulevard Royal de „Grand Garage Saur“ bedriwwen huet[1].

De Banquier Ernest Vander Linden huet d'Villa den 10. Februar 1921 zum Präis vun 195.000 Frang gesteet[2] an ass mat senger Famill erageplënnert.

Den Ernest Vander Lindern huet och do seng Bankgeschäfter ënner der Bezeechnung “Centrale d'achat et de vente des valeurs luxembourgeoises non cotées en Bourse” respektiv “An- und Verkaufszentrale für luxemburger Wertpapiere ohne Börsennotiz“ gefouert[3].

Spéider huet hien och do d'belscht an d'tschechoslowakescht Konsulat gefouert.

D'Villa "Vander Linden" hat um Rez-de-chaussée en Iesszëmmer mat enger grousser Südëffnung, e grousse Salon, ee méi klenge Salon, e Büro, e Buedzëmmer, e Büro fir Leit z'empfänken an eng Kichen. Um 1. Stack ware 5 Zëmmer, an der Mansarde ware 5 zousätzlech Zëmmer[4].

1957 huet d'Famill Rix d'Villa kaaft fir do e Restaurant opzemaachen; méi spéit ass et och e 4-Stären-Hotel ginn. 1963 ass déi ursprénglech Villa vum Architekt Paul Retter vergréissert ginn, andeems e puer Stäck bäigebaut goufen.

Den Hotel huet 2012 seng Dieren zougemaach a gouf Enn 2013 ofgerappt[5][6]; e soll duerch en Neibau ersat ginn dee vum Architekt an Urbanist Christian de Portzamparc geplangt gouf[7].

Literatur änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Geschicht vun der Famill Sauer op industrie.lu - D'Industriegeschicht vu Lëtzebuerg (fir d'lescht gekuckt de 27. Dezember 2014)
  2. Lokales am Luxemburger Wort vum 11. Februar 1921, Säit 3
  3. Werbung am Luxemburger Wort vum 09. Februar 1924 Säit 4
  4. www.wellkomm.lu
  5. Bye, bye Hotel Rix! op wort.lu vum 6. November 2013
  6. Bürohengste statt Touristen op wort.lu vum 11. November 2013
  7. Glas und Glitzer für den Boulevard Royal op wort.lu vum 11. März 2014