Claudine Konsbruck
lëtzebuergesch Juristin a Politikerin
D'Claudine Konsbruck, gebuer de 14. September 1966 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch Juristin a Politikerin (CSV).
Claudine Konsbruck | |
---|---|
Gebuer |
14. September 1966 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Athénée de Luxembourg |
Aktivitéit | Jurist, Politiker |
Partei | CSV |
Si schafft als Regierungsconseillère am Justizministère.
Bei de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 gouf si an de Stater Gemengerot gewielt a bei deene vum 9. Oktober 2017 erëmgewielt.
Si war bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 Kandidatin op der Lëscht vun der CSV am Walbezierk Zentrum, gouf awer net direkt gewielt. Den 30. Juni 2018 ass si fir de Marcel Oberweis kuerz als Deputéiert nogeréckelt, nodeems dee säi Mandat opginn huet.[2] Bei de Walen am Oktober dat Joer gouf si net erëmgewielt.
D'Claudine Konsbruck ass Mamm vun 3 Kanner a Presidentin vun der Initiativ Rëm Schaffen.[2]
Um Spaweck
änneren- Fiche op vdl.lu.
Referenzen
änneren- ↑ Fiche op paperjam.lu.
- ↑ 2,0 2,1 "Chamber: Marcel Oberweis geet, Claudine Konsbruck kënnt." rtl.lu, 06.01.2018, 07:03:23.