Par Mamerdall Saint-Christophe

D'Par Mamerdall Saint-Christophe ass eng vun den 33 kathoulesche Paren, déi de 7. Mee 2017 mat engem Dekreet vum Bistum Lëtzebuerg entstane sinn.[1]

Se gehéiert zum Dekanat Lëtzebuerg an ersetzt déi 8 fréier Pare Briddel, Capellen, Holzem, Kielen, Keespelt, Koplescht, Mamer an Nouspelt. Märjendaller Haff, déi fréier Filial vun der Par Keespelt, a Rued, déi fréier Filial vun der Par Nouspelt, ginn ofgetrennt.

D'Par läit um Gebitt vun de Gemenge Kielen, Koplescht, a Mamer.

De Patréiner vun der Par ass den hellege Christopher.

D'Parkierch ass d'Kierch vu Mamer.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. DECRET ARCHIEPISCOPAL portant sur la suppression des paroisses de Bridel, Cap-Capellen, Holzem, Kehlen, Keispelt, Kopstal, Mamer et Nospelt et sur l'érection de la paroisse « Mamerdall Saint-Christophe »