Par Dikrich Le Bon Pasteur

D'Par Dikrich Le Bon Pasteur ass eng vun den 33 kathoulesche Paren, déi de 7. Mee 2017 mat engem Dekreet vum Bistum Lëtzebuerg entstane sinn.[1]

Se gehéiert zum Dekanat Zentrum an ersetzt déi 10 fréier Pare Bettenduerf, Buerschent, Dikrech, Ierpeldeng, Gilsdref, Méchela, Méischtref, Reisduerf. Schlënnermanescht a Welschent. D'Uertschaft Dierbech, déi fréier zur Par Buerschent gehéiert huet, gëtt ofgetrennt.

D'Par läit um Gebitt vun de Gemenge Bettenduerf, Buerschent, Dikrech, Ierpeldeng op der Sauer a Reisduerf.

Den Titel vun der Par ass Le Bon Pasteur.

D'Parkierch gouf 2017 nach net festgeluecht a soll bannent den nächsten dräi Joer bestëmmt ginn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. DECRET ARCHIEPISCOPAL portant sur la suppression des paroisses de Bettendorf, Bourscheid, Diekirch, Erpeldange, Gilsdorf, Michelau, Moestroff, Reisdorf, Schlindermanderscheid et Welscheid et sur l'érection de la paroisse « Dikrich Le Bon Pasteur »