Ornes ass eng franséisch Gemeng an der Meuse an der Regioun Grand Est.

Ornes
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Meuse
Arrondissement Verdun
Kanton Belleville-sur-Meuse
Postcode 55150
Gemengecode 55394
Koordinaten 49° 15’ 13’’ N
      05° 28’ 21’’ O
Fläch  1 852 ha
Bevëlkerung  6 (1999)
D'Ruine vun der Kierch zu Ornes

Obschonn zu Ornes nach e puer Haiser stinn, kann d'Uertschaft zu den Dierfer déi 14-18 zerstéiert goufe gerechent ginn, grad sou wéi Bezonvaux, Douaumont a Vaux.

Ornes läit op enger Héicht vun 209 bis 372 Meter. Um Territoire vun der Gemeng huet dee klenge Floss Orne seng Quellen.

Beschreiwung vum Wopen

D'argent à 5 annelets de gueules disposés 2 1 2.

Geschicht änneren

D'Uertschaft huet 1046 zu der Abtei Saint-Maur vu Verdun gehéiert. 1251 krut se e Fräibréif a gouf duerno Chef-lieu vun enger wichteger Baronnie, engem Baillage an enger Vogtei.

De Jacques Bretel erzielt am Tournoi de Chauvency vun 1285 datt den Aubert oder och Albert, Här vun Ornes, ënner den Inviteeë vum Grof vu Chiny zu Chauvency-le-Château war an do op der Säit vun den Häre vu Briey, Rosières, Cumières a Creuë um Turnéier deelgeholl huet.

Well d'Häre vun Ornes Unhänger vun der Reformatioun waren, gouf d'Schlass vun Ornes 1653 vun de kathouleschen Truppen aus Loutrenge besat.

Viru senger Zerstéierung war Ornes eng grouss Uertschaft déi am 19. Joerhonnert bis zu 1.300 Awunner hat. Am Duerf gouf et déi Zäit en ettlech Millen a Wiewereien. Ëm 1914 hunn nach 700 Leit do gewunnt.

Déi lescht Jore vun Ornes virum Krich ginn an engem Wierk vum Chanoine Charles Laurent, fréieren Direkter vum Grand Seminaire de Verdun, erzielt. Ornes, la vie et la mort d'un village gouf an de Memoirë vun der Société des Lettres, Sciences, et Arts de Bar le Duc (Tome 49) publizéiert.

Wéi all déi aner Uertschaften, déi am Éischte Weltkrich zerstéiert goufen, huet Ornes de Statut vun enger Gemeng behalen a gëtt vun engem Maire an zwéin Adjointen, déi vum Conseil régional de la Meuse genannt ginn, verwalt.

Kuckt och änneren


Um Spaweck änneren

Commons: Ornes – Biller, Videoen oder Audiodateien