Briey ass eng franséisch Uertschaft a fréier Gemeng am Departement Meurthe-et-Moselle an der Regioun Grand Est. D'Awunner vu Briey gi Briotins genannt.

Briey
center}}}

Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Meurthe-et-Moselle
Arrondissement Briey
Kanton Pays de Briey
Gemeng Val de Briey
Postcode 54150
Gemengecode 54099
Koordinaten 49° 15’ 02’’ N
      05° 56’ 24’’ O
Fläch  2 713 ha
Bevëlkerung  5 758 (2014)

Zanter dem Regruppement vum 1. Januar 2017 mat de Gemenge Mancieulles a Mance gehéiert s'als delegéiert Gemeng zu der neier Gemeng Val de Briey

Lag änneren

Briey läit an enger Industrieregioun nordwestlech vu Metz. Grondlag vun der Industrieuertschaft war d'Eisenäerz wat am Bassin vu Briey virkënnt. D'Industrieregioun Hagondange-Briey hat an den 1970er Joren iwwer 130.000 Awunner. D'Zuel ass gefall bis zum Joer 1990 op 112.000.

Déi mëttelalterlech Uewerstad, Briey-Haut, trount iwwer der Ënnerstad, Briey-Bas, déi um Floss Woigot läit. Déi zwéi Quartiere sinn duerch d'Grand Rue matenee verbonnen.

Briey ass ee bedeitende Verkéiersknuet. Vun do féiere grouss Stoossen op Metz, Jarny, Lonkech a Longuyon, Verdun, Diddenuewen souwéi op Lëtzebuerg an an d'Ardennen (Sedan, Charleville-Mézières).

Geschicht änneren

Den Numm vun der Stad huet säin Urspronk am keltesche Wuert briga (Festung). D'Schlass vun de Grofe vu Bar gouf 1076 fir d'éischt ernimmt. D'Stadrechter krut Briey am Joer 1263.

Briey gouf am Joer 1369 vun de Metzer a Brand gesat, 1475 vum Karl dem Kéngen eruewert, 1591 vun de Protestante verwüst, an am Joer 1635 vun de Schweden.

Vun 1800 bis 1871 war Briey Ënnerprefecture am Departement Moselle. D'Arrondissement ass bei Frankräich bliwwen, wéi de Rescht vum Departement duerch de Vertrag vu Frankfurt zu Däitschland koum, an ass dem Departement Meurthe-et-Moselle zougegliddert ginn.

Kuckeswäertes änneren

D'Cité Radieuse e véiereckegt Wunnhaus mat 17 Stäck vum Architekt Le Corbusier.

Jumelagen änneren

Nopeschuertschaften änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Briey – Biller, Videoen oder Audiodateien