Bezonvaux

franséisch Gemeng am Departement Meuse

Bezonvaux ass eng franséisch Gemeng am Departement Meuse an der Regioun Grand Est.

Bezonvaux
D'Kapell vu Bezonvaux

D'Kapell vu Bezonvaux
D'Kapell vu Bezonvaux
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Meuse
Arrondissement Verdun
Kanton Belleville-sur-Meuse
Postcode 55400
Gemengecode 55050
Koordinaten 49° 14’ 15’’ N
      05° 28’ 06’’ O
Fläch  923 ha
Bevëlkerung  0 (2010)

An der Gemeng Bezonvaux wunnt kee Mënsch. Et ass eng vun den néng Uertschaften am Departement déi am Éischte Weltkrich ganz zerstéiert goufen. Se gouf als Village mort pour la France deklaréiert, an um Enn vum Krich gouf decidéiert, d'Gemeng bestoen ze loossen, als Erënnerung un d'Evenementer déi sech do ofgespillt hunn. Den Territoire vun der Gemeng gëtt vun dräi Leit verwalt, déi vum Prefet vun der Meuse bestëmmt ginn.

Gielercher änneren

 

D'Uertschaft gouf den 1. Mäerz 1921 mat der Croix de guerre 1914-1918 geéiert.


Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Bezonvaux – Biller, Videoen oder Audiodateien