Orchesella erpeldingae
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Ënnerstamm: Hexapoda
Klass: Entognatha
Uerdnung: Collembola
Famill: Entomobryidae
Gattung: Orchesella
Wëssenschaftlechen Numm
Orchesella erpeldingae
Stomp, 1968

Orchesella erpeldingae ass eng Collembolenaart (Sprangschwänz) aus der Famill vun den Entomobryidae, déi zu Lëtzebuerg endeemesch an der Géigend vum Lëtzebuerger Sandstee virkënnt. Si ass am Joer 1968 vum Norbert Stomp als nei Aart beschriwwe ginn unhand vu Material, dat hien 1965 an den Zickzackschlëff (Bäerdref) an an der Dousteschbaach (Mëllerdall) fonnt hat, an 1966 an de Mamerleeën (tëscht Miersch a Schëndels), an de Kauschelterleeën (Rolleng/Miersch) an an den Noumerleeën (Noumer).[1]

Spéider ass d'Aart och nach op e puer anere Plazen aus der Géigend vum Lëtzebuerger Sandsteen nogewise ginn.[2]

Den Numm vun der Aart geet op d'Liliane Erpelding, dem Norbert Stomp seng Fra, zeréck, där hien déi nei Aart dediéiert huet.[1],[3]

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Stomp 1968.
  2. Reiffers & Arendt 1995, S. 118; Stomp & Weiner 2005, S. 228.
  3. Massard 2015, S. 219.