Den Orca (Orcinus orca), och alt Schwäertwal genannt, ass eng Walaart aus der Famill vun den Delfinen (Delphinidae). Si kënnt op der ganzer Wlet vir, wann s'och Gewässer laanscht d'Küsten, éischter an de méi héije Breedegraden, de Virzock gëtt.

Orca

Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Iwweruerdnung: Laurasiatheria
Uerdnung: Cetacea (Walen)
Ënneruerdnung: Odontoceti (Zännwalen)
Famill: Delphinidae
Gattung: Orcinus
Aart: Orca
Wëssenschaftlechen Numm
Orcinus orca
Linnaeus, 1758]
Gréisseverglach mat engem Daucher.

Orcae si sozial Déieren, déi eng komplex Populatiounsstruktur opfweises hunn. Si si generalistesch Fleeschfrësser, déi virun allem Fësch, Mamendéieren aus dem Mier, wéi z. B. Robben a geleeëntlech och aner Waler joen a friessen.

Charakteristiken änneren

Den Orca ass déi gréisst Aart vu Walen. D'Männche gi bis bis 9,8 m laang, d'Kéi (d'Weibercher) héchstens 8,5 m. Se bréngen et op e Gewiicht bis op 6,6 t. Si hunn eng opfälleg, bis zu 1,8 m héich dräieckeg Réckefloss (dohier den Numm Schwäertwal). D'paddelfërmeg Flipperen gi bei de Männercher ronn 2 m laang, bei de Weibercher 1,5 m. D'Schwanzfloss gëtt bis zu bis zu 2,8 m breet an ass hanne konkav.

Charakteristesch ass hir kontrastéiert schwaarz-wäiss Fierwung. De Réck ass schwaarz, iwwerdeems de Bauch an e Fleck hannert den Ae wäiss ass. D'Faarverdeelung variéiert no Ekotyp.

Als Jeeër hu si e kräftegt Gegéck, mat op all Kifer-Hallschecht 10–14 koneschen Zänn vun 2,5–5 cm Duerchmiesser, am Ganze sinn et der 40–56.

Verbreedung änneren

 
Verbreedung vum Orca (blo).

Den Orca kënnt an alle Mierer vun der Welt vir, ma ass éischter seelen an den tropesche Breeten. Déi gréisst Populatioune sinn am Nordpazifik, Nordatlantik an an de Polarmierer ze fannen. Déi meescht liewen e groussen Deel vun der Zäit no bei de Küsten. Am Atlantik ronderëm Europa kënnt d'Aart virun allem an Norwege vir. Et gëtt se och ronderëm Grönland, Island, Jan Mayen, d'Färöer, d'Biereninsel, Franz-Josef-Land, Spitzbergen, Nowaja Semlja, d'Brittesch Inselen am nërdlechen Nordmier. Am südlechen Nordmier, wéi viru Schweden, Dänemark, Däitschland oder Holland ass den Orca éischter sielen, grad esou wéi am Baltesche Mier oder am Äermelkanal. Just heiansdo gëtt dat eent oder anert Exemplar am Mëttelmier observéiert, dat aus dem Atlantik dohigeschwommen ass,

Am Zock vun der globaler Erwiermung an domat verbonnen dem Réckgang vum Äis ginn Orcaen ëmmer méi dacks an arktesche Regiounen observéiert, wou se e Friesskonkurrent zum Äisbier kënne ginn.

Ekotypen änneren

Bis ewell goufen 10 sougenannt Ekotypen identifizéiert: Fënnef op der Nord- a fënnef op der Südhallefkugel. Dës ënnerscheede sech vun eneen duerch hiert soziaalt Behuelen, hir Friess- a Juegdgewunnechten an och zum Deel duerch hiert Ausgesinn.

Behuelen änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.