Franz-Josef-Land
Franz-Josef-Land | |
---|---|
Kaart vum Franz-Josef-Land | |
Geographie | |
Land | Russland |
Läit an/am | Nordpolarmier |
Koordinaten: | 80° 40’ 00’’ N 54° 51’ 00’’ O |
Fläch | 16.090 km² |
Héicht | 0 - 620 |
Verwaltung | |
Verwaltungseenheet | Oblast Archangelsk |
Demographie |
Franz-Josef-Land (Russesch: Земля Франца-Иосифа) ass eng Inselgrupp am Nordpolarmier nërdlech vun der grousser Duebelinsel Nowaja Semlja a gehéiert zu der Oblast Archangelsk a Russland. Si gouf an den 1870er Joren nom Franz Joseph I., Keeser vun Eisträich a Kinnek vun Ungarn, genannt, wéi se vun enger éisträichesch-ungarescher Expeditioun ënner dem Julius Payer an dem Schëffsleitnant Carl Weyprecht entdeckt gouf.
De Kap Fligely op der Rudolf-Insel (Ostrow Rudolfa) ass deen nërdlechste Landpunkt vun Eurasien, bei enger nërdlecher Breet vun 81° 51′. Deen nërdlechste Punkt ass ronn 900 km vum geographeschen Nordpol ewech. Vum 10. Abrëll bis den 1. September ass et do ëmmer hell ("Polardag"). An der Summer-Solstiz steet d'Sonn an engem Wénkel vu maximal 33°. Et ass déi nërdlech Grenz vum Barent-Mier.
D'Inselgrupp huet vulkanesch Originnen. Den héchste Punkt, op 620 m, läit op der Wiener-Neustadt-Insel. Zesummen hunn déi ronn 190 Inselen eng Fläch vun 16.090 km². Ronn 85 % (Stand 2003) si permanent mat Äis bedeckt.
D'Inselen an hir Nimm
änneren- Semlja Alexandry (Alexandraland), mat der russescher Polarbasis Nagurskaja,
- Ostrow Bell (Bell-Insel), vum Benjamin Leigh Smith 1880 entdeckt, krut den Numm wéinst engem markanten, klackefërmege Bierg.
- Ostrow Tschamp (Champ-Insel, genannt nom William S. Champ)
- Semlja Georga (Prënz-Georg-Land) déi gréisst a längst Insel, voum Frederick George Jackson 1897 nom George Frederick Ernest Albert, Prince of Wales, genannt, dem spéidere Kinnek George V.
- Ostrow Greem Bell (Graham-Bell-Insel, genannt nom Graham Bell). Huet déi längst Landebunn vum ganzen Archipel (2.100 m).
- Ostrow Gallja (Hall-Insel, genannt nom Charles Francis Hall) mam markante Kap Tegetthoff a senge virgelagerte Fielsnolen. D'Kap war dat éischt Land, dat de Payer an de Weyprecht vum Expeditionsschëff Admiral Tegetthoff aus gesinn hunn.
- Ostrow Heissa (Hayes-Insel) mam geophysikaleschen Observatoire "Ernst T. Krenkel".
- Ostrow Gogenloe (Hohenlohe-Insel) mam Kap Schrötter.
- Ostrow Gukera (Hooker-Insel) mam Rubini-Fiels, wou vill Vigel ze fanne sinn.
- Ostrow Nordbruk (Northbrook-Insel, genannt nom Thomas Baring, 1. Earl of Northbrook), eng vun de südlechsten Inselen a relativ gutt zugänglech.
- Ostrow Rudolfa (Rudolf-Insel), déi nërdlechst Insel.
- Ostrow Wiltscheka (Wilczek-Insel), déi südlechst Insel wou de Payer an de Weyprecht den 1. November 1873 fir d'éischt u Land goungen.
- Semlja Wiltscheka (Wilczek-Land), zweetgréisst Insel, mam Kap Heller.
- Ostrow Winer Neischtadt (Wiener-Neustadt-Insel) mam héchste Bierg vum Archipel (Peak Parnass mat 620 m).
- Ostrow Ziglera (Ziegler-Insel), genannt nom US-amerikaneschen Sponsor vun zwou Polarexpeditiounen 1903–1905.
Inselen no Fläch
ännerenInsel | russisch | Fläche km² |
Höhe m |
---|---|---|---|
Prënz-Georg-Land | Земля Георга | 2820,8 | 416 |
Wilczek-Land | Земля Вильчека | 2203,3 | 606 |
Graham-Bell-Insel | Остров Греэм-Белл | 1556,6 | 509 |
Alexandraland | Земля Александры | 1095,3 | 382 |
Hall-Insel | Остров Галля | 1049,4 | 502 |
Salisbury-Insel | Остров Солсбери | 960,0 | 482 |
McClintock-Insel | Остров Мак-Клинтока | 611,5 | 521 |
Jackson-Insel | Остров Джексона | 521,4 | 481 |
La-Ronciere-Insel | Остров Ла-Ронсьер | 478,3 | 431 |
Hooker-Insel | Остров Гукера | 459,8 | 576 |
Ziegler-Insel | Остров Циглера | 448,0 | 554 |
Champ-Insel | Остров Чамп | 374,3 | 507 |
Luigi-Insel | Остров Луиджи | 370,6 | 468 |
Salm-Insel | Остров Сальм | 344,0 | 343 |
Karl-Alexander-Insel | Остров Карла-Александра | 329,2 | 365 |
Rudolf-Insel | Остров Рудольфа | 295,5 | 461 |
Northbrook-Insel | Остров Нортбрук | 288,6 | 344 |
Eva-Liv-Insel | Остров Ева-Лив | 288,0 | 381 |
Wiener-Neustadt-Insel | Остров Винер-Нёйштадт | 237,0 | 620 |
Bruce-Insel | Остров Брюса | 190,8 | 301 |
Nansen-Insel | Остров Нансена | 164,1 | 372 |
Payer-Insel | Остров Пайера | 160,0 | 284 |
Rainer-Insel | Остров Райнера | 139,8 | 284 |
Hayes-Insel | Остров Хейса | 132,2 | 242 |
Greely-Insel | Остров Грили | 127,2 | 447 |
Arthur-Insel | Остров Артура | 111,2 | 275 |
aner Inselen | 333,1 | ||
Franz-Josef-Land | Земля Франца-Иосифа | 16090,0 | 620 |
Do derbäi kommen nach eng Rëtsch Insele mat manner wéi 100 Quadratkilometer, wéi d'Alger-Insel (Алджер), d'Becker-Insel (Остров Беккера), d'Bell-Insel (Белл), d'Hochstetter-Inselen (Острова Хохштеттера), d'Hoffmann-Insel (Остров Гофмана), d'Hohenlohe-Insel (Гогенлоэ), d'Kane-Insel (Остров Кейна), d'Koldewey-Insel (Остров Кольдевея), d'Kuhn-Insel (Остров Куна), d'Lütke-Insel (Остров Литке), d'Mabel-Insel (Мейбел), d'Perlmutt-Insel (Перламутровый) an d'Wilczek-Insel (Остров Вильчека).
Flora a Fauna
ännerenSou no beim Nordpol ass d'Vegetatioun ganz rar. Just 10 % vun de Flächen, wou keen Äis ass, si bewuess. Et gëtt virun allem Flechten, mat enger ronn 100 Aarten, e puer Grasaarten an nach e puer aner Bléieplanzen. Och Mooser sinn do ze fannen.
Um Franz-Josef-Land goufen 41 Vullenaarten observéiert, wouvun der 14 och do bréien. Vu Land-Mamendéieren sinn do just den Äisbier an de Polarfuuss heemesch. Soss gëtt et nach Mieres-Mamendéierenaarten wéi d'Suedelrobb, d'Réngelrobb an d'Baartrobb. Och d'Walross ass relativ heefeg. Am Mier ronderëm si kleng Poulatioune vum Grönlandwal, dem Blowal, dem Finnwal an dem Narwal. 33 Fëschaarte sinn och do bekannt.
Literatur
änneren- Julius Payer: Die österreichisch-ungarische Nordpol-Expedition in den Jahren 1872–1874, nebst einer Skizze der zweiten deutschen Nordpol-Expedition 1869–1870 und der Polar-Expedition von 1871. Hölder, Wien 1876.
- H. Straub: Die Entdeckung des Franz-Joseph-Landes. Styria, Graz 1990, ISBN 3-222-11943-0.
- Winfried Weyer, Peter von Sassen: Vergessene Inseln im Eis. Eine Expedition ins Kaiser-Franz-Joseph-Land. Berlin 2006, ISBN 3-89479-302-3.
- Christoph Höbenreich: Expedition Franz Josef Land. In der Spur der Entdecker nach Norden. Frederking-Thaler, München 2007, ISBN 3-89405-499-9 .
Um Spaweck
ännerenCommons: Franz-Josef-Land – Biller, Videoen oder Audiodateien |