D'Walen (Cetacea) sinn eng Uerdnung vu Mamendéieren déi all am Waasser, déi meescht vun hinnen am Mier, liewen. Duerch hir Kierperform gläiche s'am Ausgesinn de Fësch, woufir se fréier alt fälschlecherweis Walfësch genannt goufen.

Walen
80 Walaarten, am Verglach mam Mënsch (ënne riets)

80 Walaarten, am Verglach mam Mënsch (ënne riets)
80 Walaarten, am Verglach mam Mënsch (ënne riets)
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Ënnerklass Placentalia
Uerdnung: Walen
Wëssenschaftlechen Numm
Cetacea
Brisson, 1762
Ënneruerdnungen

Baartewalen (Mysticeti)
Zännwalen (Odontoceti)

Et gëtt weltwäit eng 80 bis 90 Walaarten. 5 dovu liewen am Séisswaasser, déi aner liewen am Mier.

Famillen änneren

Wale ginn an zwou Ënneruerdnungen agedeelt: Baartewalen (Mysticeti) an Zännwalen (Odontoceti). Nieft de Baarten an den Zänn gëtt et nach aner anatomesch Krittären, fir déi zwou Ënneruerdnunge vuneneen z'ënnerscheeden.

Do derbäikommen Dosende vu Fossilienaarten aus de Gattungen Ambulocetus, Pakicetus a Basilosaurus, déi an d'Ënneruerdnung Archaeoceti klasséiert ginn.

Morphologie änneren

Déi verschidde Walaarten hunn all e stroumlinnefërmege Kierper, eng glat Haut ouni Hoer a keng Ouermuschelen, Kennzeechen déi e séiert Virukommen am Waasser méiglech maachen. Se hu keng Krallen a keng baussenzeg Ouerlächer (de Gehéierkanal ass no baussen zou). Déi viischt Patten hu sech am Laf vun der Evolutioun zu Flossen entwéckelt déi Flipper genannt ginn. D'Floss um Réck, déi Finn genannt gëtt, feelt bei enger Rëtsch Aarten. De Schwanz ass zu enger Floss ëmgewandelt, déi Fluke genannt gëtt, an horizontal zum Rescht vum Kierper steet (bei de Fësch steet d'Schwanzfloss senkrecht). Déi hënnescht Patte si komplett zeréckgebilt.

Wéi all aner Mamendéieren hu Wale Longen a mussen, fir Loft ze huelen, un d'Waasseruewerfläch. Dobäi ootme se duerch en Ootmungslach uewen um Kapp.

Um Spaweck änneren

Commons: Walen – Biller, Videoen oder Audiodateien