Walen
D'Walen (Cetacea) sinn eng Uerdnung vu Mamendéieren déi all am Waasser, déi meescht vun hinnen am Mier, liewen. Duerch hir Kierperform gläiche s'am Ausgesinn de Fësch, woufir se fréier alt fälschlecherweis Walfësch genannt goufen.
Walen | |||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
80 Walaarten, am Verglach mam Mënsch (ënne riets) | |||||||||||
Systematik | |||||||||||
| |||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||
Cetacea Brisson, 1762 | |||||||||||
Ënneruerdnungen | |||||||||||
Baartewalen (Mysticeti) |
Et gëtt weltwäit eng 80 bis 90 Walaarten. 5 dovu liewen am Séisswaasser, déi aner liewen am Mier.
Famillen
ännerenWale ginn an zwou Ënneruerdnungen agedeelt: Baartewalen (Mysticeti) an Zännwalen (Odontoceti). Nieft de Baarten an den Zänn gëtt et nach aner anatomesch Krittären, fir déi zwou Ënneruerdnunge vuneneen z'ënnerscheeden.
- Ënneruerdnung Mysticeti (Baartewalen)
- Famill Balaenidae Gray, 1821
- Famill Balaenopteridae Gray, 1864 — Rorquals
- Famill Eschrichtiidae Ellerman and Morrison-Scott, 1951 — Groe Wal
- Famill Neobalaenidae Gray, 1873
- Ënneruerdnung Odontoceti (Zännwalen)
- Famill Delphinidae — Delfiner aus dem Mier an Orcaen
- Famill Monodontidae — Belugawal an Narwal
- Famill Phocoenidae — Phocoenidae (Schwéngswalen)
- Famill Physeteridae — Pottwal (ad minima)
- Famill Platanistidae — Séisswaasserdelfinen
- Famill Ziphiidae — Schniewelwalen an Hyperodoon (Intewal)
- Famill Iniidae — Séisswaasserdelfinen (vun aneren ënner Platanistidae klasséiert)
- Famill Kogiidae — Kleng Pottwalen (och alt ënner Physeteridae klasséiert)
- Famill Lipotidae — Chinawal (och alt entweeder ënner Iniidae oder ënner Platanistidae klasséiert)
- Famill Pontoporiidae — La-Plata-Delfin (och alt entweeder ënner Iniidae oder ënner Platanistidae klasséiert)
Do derbäikommen Dosende vu Fossilienaarten aus de Gattungen Ambulocetus, Pakicetus a Basilosaurus, déi an d'Ënneruerdnung Archaeoceti klasséiert ginn.
Morphologie
ännerenDéi verschidde Walaarten hunn all e stroumlinnefërmege Kierper, eng glat Haut ouni Hoer a keng Ouermuschelen, Kennzeechen déi e séiert Virukommen am Waasser méiglech maachen. Se hu keng Krallen a keng baussenzeg Ouerlächer (de Gehéierkanal ass no baussen zou). Déi viischt Patten hu sech am Laf vun der Evolutioun zu Flossen entwéckelt déi Flipper genannt ginn. D'Floss um Réck, déi Finn genannt gëtt, feelt bei enger Rëtsch Aarten. De Schwanz ass zu enger Floss ëmgewandelt, déi Fluke genannt gëtt, an horizontal zum Rescht vum Kierper steet (bei de Fësch steet d'Schwanzfloss senkrecht). Déi hënnescht Patte si komplett zeréckgebilt.
Wéi all aner Mamendéieren hu Wale Longen a mussen, fir Loft ze huelen, un d'Waasseruewerfläch. Dobäi ootme se duerch en Ootmungslach uewen um Kapp.
Um Spaweck
ännerenCommons: Walen – Biller, Videoen oder Audiodateien |