Grönland

gréisst Insel vun der Äerd
Gnome-globe.svg Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Grönland, op Grönlännesch Kalaallit Nunaat „Land vun de Grönlänner“ an op Dänesch Grønland [ˈgʀœnlanʔ] „Gréngland“, ass déi gréisst Insel vun der Äerd. Geographesch gëtt se zum arkteschen Nordamerika gezielt, politesch ass s'en autonomen Deel vum Kinnekräich Dänemark.

D'Arktis mat Grönland

Mat enger Fläch vun 2,2 Millioune Km2 ass Grönland ronn sechsmol sou grouss wéi Däitschland. 4/5 vun der Insel si mat Äis bedeckt dat bis 3 000 m déck ass. Nëmmen eng schmuel, héchstens 150 km breet Sträif laanscht d'Mier am Süden an am Weste sinn äisfräi. Den héchste Bierg mat 3 733 m, de Gunnbjørn Fjeld, deen och nach Hvitserk genannt gëtt, läit an Ostgrönland.

Déi ronn 60 000 Awunner liewen haaptsächlech vum Fëschen, Robbejuegd a Schofszuucht.

D'Haaptstad vun der Insel ass Nuuk (dänesch Godthåb).

Eng grönlännesch Famill ëm 1917

GeschichtÄnneren

D'Insel gouf ëm 875 vun de Normannen entdeckt. Den Erik de Rouden huet se Gréngt Land gedeeft an déi éischt europäesch Siidlung gegrënnt.

Vun 1261 un huet Grönland zu Norwegen gehéiert a koum sou mat Norwegen an de Besëtz vun Dänemark. Wéi Norwegen 1814 onofhängeg gouf, huet Dänemark Grönland awer behalen.

Vun 1979 u verwalt Grönland sech selwer an ass, am Géigesaz zu Dänemark, net Member vun der EU.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Grönland – Biller, Videoen oder Audiodateien