Onofhängegkeet vu Polen

D'Onofhängegkeet vu Polen geet offiziell op den 11. November 1918 zeréck. Nodeems géint Enn vum 18. Joerhonnert de polnesche Staat duerch d'Deelungen tëscht Russland, Preisen an Éisträich vun der politescher Kaart verschwonne war, ass d'Republik Polen um Enn vum Éischte Weltkrich operstanen. Den 11. November gëtt all Joer als Nationalfeierdag commemoréiert.

Deelunge vu Polen (1772, 1793, 1795) änneren

 
D'Deelunge vu Polen

D'Geschicht vum polnesche Staat geet zeréck an d'zéngt Joerhonnert. Am Laf vum Mëttelalter huet e staarkt Kinnekräich sech tëscht Däitschland a Russland eng fest Plaz a Mëtteleuropa geséchert. Duerch d'Verbindung mam Groussfürstentum Litauen an de Sig vun de Jagellonen iwwer den Uerdensstaat vun den Däitschritter huet dat Kinnekräich mat Haaptstad zu Krakau (Kraków) am 16. Joerhonnert seng gréisst Ausdeenung kritt. Geschwächt duerch d'Kricher vum 17. Joerhonnert (géint Schweden, Russen, Tierken…) awer och duerch d'Walmonarchie an d'Roll vum Adel, deen am Sejm och nach de liberum veto, also d'Recht eng Decisioun ze blockéieren, fir all Member ageféiert huet, ass déi Adelsrepublik am 18. Joerhonnert de Spillball vun den dräi opsteigenden Nopeschmuechte ginn: Preisen, Éisträich a Russland. An dräi Etappen (1772, 1793 a 1795) ass de ganzen Territoire tëscht dësen dräi opgedeelt ginn. Dee bei wäitem gréissten Deel krut den Zar vu Russland, an deem ee formaalt Kinnekräich Polen ("Kongresspolen") a Personalunioun entstanen ass. Galizien, mat Krakau, Lublin a Lemberg (Lwów, haut Lwiw an der Ukrain) ass en Deel vun der Habsburgermonarchie ginn, wärenddeems Preisen Pommern, Grousspolen mat Posen (Poznań) a Masowien (Mazowsze) mat Warschau annektéiert huet.

Polen huet also als onofhängege Staat opgehalen z'existéieren, an dat zum Deel well et den 3. Mee 1791, also virun der zweeter Deelung, déi éischt liberal Verfassung an Europa no de Prinzipie vun der Franséischer Revolutioun ugeholl huet. Och den Opstand vum grousse Resistenzler Tadeusz Kościuszko (1794) fir d'Onofhängegkeet nach ze retten, huet de Contraire bewierkt.

National Resistenz (19. an Ufank 20. Joerhonnert) änneren

Hin an hier gerappt tëscht Upassung a Revolt huet d'Vollek mat der Ënnerstëtzung vun der kultureller Elite a vun der kathoulescher Kierch seng Sprooch a Kultur héichgehalen, an hat besonnesch a Westeuropa, wou vill Exilpole gelieft hunn, grouss Sympathien. Besonnesch an der Belle Époque ware polnesch Wëssenschaftler, Schrëftsteller a Kënschtler aussergewéinlech kreativ, an iwwer d'Grenzen eraus bekannt.

D'Opstänn vun 1830, 1848 an 1863 goufe bluddeg niddergeschloen, sief et well se schlecht organiséiert waren, sief et well d'Besatzer militäresch einfach iwwerleeë waren, an d'Pole keng Hëllef vun anere Staaten erwaarde konnten.

Déi Mësserfolleger hunn éischter seelen zu Resignatioun geféiert. Déi eng hunn den Dram vun engem heldenhaften, patriotesche Widerstand an engem onofhängege Polen net opginn an déi aner hu probéiert, an engem pragmatesche Loyalismus dat Bescht aus der Situatioun ze maachen, a virun allem an de Famillen déi polnesch Traditiounen héich ze halen. Et muss och ënnerscheet ginn tëscht de verschiddenaartege Behandlunge vun de Polen duerch déi jeeweileg Friemherrschaften. Am Allgemenge war déi éisträichesch Verwaltung vu Galizien besser z'erdroe wéi déi russesch oder däitsch.

Éischte Weltkrich änneren

Den Éischte Weltkrich war fir vill Polen eng Tragedie, mä fir d'Land eng onerwaart Chance. Eng Tragedie, well op polneschem Territoire Fronte verlaf sinn, vill Schluechte geschloe goufen, an d'Zivilbevëlkerung bal vun den engen, bal vun den aneren zur Loyalitéit gezwonge gouf. An der russescher, der éisträichescher, der däitscher Arméi, ma och am Déngscht vun de Westmuechte Frankräich an England ware polnesch Zaldoten op ënnerschiddlech Manéier am Asaz. 1916 waren et der am Ganzen 1,9 Milliounen.

An dobäi hat Polen mat den Ursaache vum Krich näischt ze dinn. De Krich war awer och eng Chance, well fir d'éischt zënter 1762 Berlin a Sankt Petersburg verfeint waren, an domat eng Perspektiv fir en onofhängege polnesche Staat realistesch ginn ass. Déi dräi Okkupatiounsmuechten an déi westlech Alliéiert hu wärend dem Krich ëm d'Gonscht an d'Loyalitéit vun de Pole rivaliséiert. Polen ass um Enn duerch den Zesummebroch vun de Romanow, den Hohenzollern an den Habsburger operstanen.

 
De Roman Dmowski wollt eng méi homogeen polnesch Natioun: Hien huet d'Curzon-Line gutgeheescht

De Generol Józef Piłsudski ass fir Éisträich am August 1914 mat enger reng polnescher Legioun an dat russescht Kongresspolen ageréckt, an huet zu Warschau eng fiktiv Nationalregierung ageriicht. Als Géigeleeschtung war Éisträich-Ungarn domat averstanen, datt aus Galizien a Kongresspolen en neie polnesche Staat kéint entstoen. Och Däitschland a Russland waren iergendwéi bereet, nom Krich de Polen eng gewëss Autonomie zouzegestoen. Am Summer 1915 hunn däitsch an éisträichesch Truppen ganz Kongresspolen eruewert, dat du vum däitsche Gouverneur Hans von Besseler verwalt gouf, an zwar am Respekt vun der polnescher Sprooch. Galizien ass vu Lublin aus ënner éisträichescher Verwaltung bliwwen.

Déi polnesch Politiker waren iwwer d'Zukunft vu Polen zerstridden. De Roman Dmowski vum Polneschen Nationalkommitee, deen zu den Ententemuechte gehalen huet, huet eng russesch Léisung an d'A gefaasst, ma wéi e gesinn huet, datt d'Russen de Polen net genuch géifen entgéint kommen, ass en an de Westen emigréiert. Am November 1916 hunn d'Zentralmuechten e "Kinnekräich Polen" mat enger liberaler Verfassung ugekënnegt, dat awer enk u si ugebonne bleiwe sollt. Zu Warschau kruten d'Polen en eegene "Provisoresche Staatsrot". Wéi doropshinn Russland eng änlech Propos gemaach huet, konnt och den amerikanesche President Wilson a senger Ried vum 22. Januar 1917 en eenegt an onofhängegt Polen an Aussiicht stellen, ganz nom Wonsch vum Schrëftsteller Henryk Sienkiewicz a vum Pianist a Komponist Ignacy Jan Paderewski, déi bei him intervenéiert waren. Ee Joer drop huet de Wilson seng 14 Punkte proklaméiert: De Punkt 13 huet kloer d'Fuerderung no engem onofhängege Polen mat Zougang zum Baltesche Mier gestalt.

Well de Piłsudski a seng Brigad sech net der däitscher Arméi ënnerstelle wollten, an och net bereet waren, géint d'Westmuechten ze kämpfen, ass en am Juli 1917 vun de Däitsche verhaft, a bis zum Schluss vum Krich zu Magdeburg agespaart ginn, wat him bei ville Patrioten e grousse Respekt a Prestige abruecht huet. Zu Warschau ass de Staatsrot duerch e Regentschaftsrot mat konservativ-aristokratische Politiker (ouni Regent) rondrëm de Fürst Lubomirski an den Äerzbëschof Kakowski ersat ginn, wärend lénks Politiker do net matgemaach hunn.

Nodeems d'USA am Abrëll 1917 an de Krich agetruede sinn, huet déi franséisch Regierung dem Roman Dmowski säin Nationalkommitee als provisoresch polnesch Regierung unerkannt, déi gläichzäiteg a Frankräich eng polnesch Arméi op d'Been gesat hat. Déi Decisioun gouf a Russland vum Kerenski senger provisorescher Regierung akzeptéiert.

Wéinst der Oktoberrevolutioun ass mat Russland déi gréisst Besatzungsmuecht vu Polen aus dem Krich ausgescheet. Nom Fridde vu Brest-Litovsk, vun deem de Regentschaftsrot ausgeschloss gi war, huet de Generol Józef Haller vun der 2. Polnescher Brigad den Déngscht fir Éisträich gekënnegt an huet sech mat polneschen Truppen aus Russland zesummegedoen. Am Juli 1918 huet en a Frankräich déi "Blo Arméi" zesummegesat, déi vun der Entente als rechtméisseg polnesch Arméi ugesi gouf, a bei der Verdreiwung vun den däitschen Truppen an der Champagne am Hierscht 1918 bedeelegt war. Spéider, am Juni 1919, ass déi Arméi vun 100.000 Zaldoten a Polen transferéiert ginn.

Grënnung vun der 2. Republik (1918-1921) änneren

De 7. Oktober 1918 huet de Regentschaftsrot en Opruff zur Formatioun vun enger representativer Regierung gemaach. Bedéngt duerch d'Novemberrevolutioun an Däitschland ass de Piłsudski den 10. November 1918 aus dem Prisong erauskomm an ass zu Warschau als nationalen Held zum Chef vum Regentschaftsrot a vun der Arméi ernannt ginn. Däitsch Truppen sinn entwaffent a verjot ginn. Den 11. November huet de Piłsudski proklaméiert, datt "de Polnesche Staat duerch de Wëlle vun der polnescher Natioun operstanen ass". 1937 ass deen Dag, deen zoufälleg mam der Armistice zesummefällt, zum Nationalfeierdag erhuewe ginn. De 14. November huet de Regentschaftsrot sech opgeléist.

D'Entente-Muechten hu sech bei deem Virgank iwwergaange gefillt, well si jo den Nationalrot zu Paräis (Dmowski) als nei Regirung virgesinn haten, an d'Friddensverhandlunge wollten ofwaarden, fir d'Grenze vu Polen ze definéieren. Doduerch, datt de Paderewski dunn awer als Vermëttler ënner dem Piłsudski Premierminister ginn ass, konnt déi Spannung entschäerft ginn.

Am Januar 1919 si Wale fir de Sejm a Kongresspolen an a Galizien, a sechs Méint méi spéit och an de fréieren däitsch besate Gebidder am Westen ofgehal ginn.

De Pianist Ignacy Jan Paderewski deen e groussen Afloss beim US-President Thomas W. Wilson hat, huet den Opstand vun Grousspolen encouragéiert, an als Ministerpresident an Ausseminister de Versailler Vertrag fir Polen ënnerschriwwen.

De Prozess, deen zum Tracé vun de Grenzen vum neie polnesche Staat geféiert huet, huet ronn véier Joer gedauert. En ass d'Resultat souwuel vun de Paräisser Friddensverhandlunge wéi awer och vum Krich. Effektiv waren Enn 1918 d'Grenze weeder am Osten, nach am Westen nach am Süde kloer gezunn.

Vun Dezember 1918 bis Januar 1919 huet an der Géigend vu Posen (Poznań) den Opstand vu Grousspolen géint den däitsche Grenzschutz getoobt, ier dee vun de Sigermuechte gezwonge gouf sech z'erginn. Am Februar 1919 huet déi polnesch Delegatioun op der Paräisser Friddenskonferenz héich Fuerderungen op Käschte vun Däitschland gestalt, déi vu Groussbritannien an den USA awer zeréckgeschrauft goufen.

Am Versailler Vertrag (Juni 1919) sinn Ostpreisen (nom Referendum vun 1920) an een Deel vu Pommern däitsch bliwwen, Danzeg ass ënner d'Verwaltung vum Vëlkerbond komm, a Polen krut westlech vun Danzeg en Zougang ("Korridor") zum Baltesche Mier, mam Hafe vu Gdynia. An Uewerschlesien (Górny Śląsk) sollt och e Referendum organiséiert ginn. Mä d'Polen hunn den ëstlechen Deel vun deem Gebitt annektéiert, sou datt nom Referendum vun 1921 just nach de westlechen Deel an Nidderschlesien däitsch bliwwe sinn. Am Süden huet déi nei gegrënnt Tschechoslowakei d'Grenzstad Teschen (Cieszyn/Český Těšín) am Januar 1919 annektéiert, obwuel zwee Drëttel vun der Bevëlkerung polnesch waren. 1920 ass d'Stad vum Vëlkerbond gedeelt ginn.

Op d'Ostgrenzen haten d'Alliéiert bal keen Afloss. De Piłsudski huet vum russesche Biergerkrich profitéiert, fir Deeler vu Litauen, Wäissrussland an der Ukrain, déi a fréiere Joerhonnerten zum Kinnekräich gehéiert haten, z'annektéieren. Hie war net drun intresséiert, datt d'Wäiss Truppe vum Denikin gewannen, well soss Frankräich a Russland, Polen an d'Schranke verwisen hätten. Dofir huet en souguer e Moment heemlech d'Bolschewiken ënnerstëtzt. Wéi awer dunn déi Wäiss zeréckgehäit goufen, an de Lenin no der Ukrain och Pole wollt ugräifen, huet de Piłsudski sech mam ukrainesche President Symon Petliura alliéiert an am Mee 1920 Kiew befreit. Ma schonn am Juni-Juli 1920 hunn d'Bolschewiken d'Ukrain zeréckeruewert. Domat war fir d'Rout Arméi de Wee fräi fir Warschau anzehuelen an duerno d'Revolutioun no Westen weider ze dreiwen. Am August 1920 huet de Piłsudski d'Russe viru Warschau an d'Zaang geholl a vernichtend geschlo. Déi Schluecht bezeechnen d'Polen als "d'Wonner un der Weichsel", dat Europa méiglecherweis virum Kommunismus bewahrt huet. Bis Oktober hu polnesch Truppe gréisser Gebidder a Litauen, Wäissrussland an der Ukrain eruewert. D'Grenze goufen 1921 am Vertrag vu Riga festgeluecht. Kuerz duerno ass och Vilnius, wou 56 % Pole gewunnt hunn, annektéiert ginn. De groussen Territorium vu 1772 ass zwar net nom Piłsudski sengem Dram integral hiergestallt ginn, mä d'Ostgrenz louch wäit hannert der Curzon-Linn, déi de britteschen Ausseminister Lord Curzon an der Perspektiv vun engem ethnesch méi homogeenen a kathoulesch monokonfessionnelle Polen am Dezember 1919 zesumme mam Roman Dmowski virgeschloen hat. Déi Zweet Republik war also besonnesch duerch d'Ostgebidder ("Kresy") e multiethnesche Staat, an deem d'Polen 69 % vun der Bevëlkerung duergestallt hunn.

Vum Parlamentarismus zum autoritäre Regime änneren

D'Institutiounen hunn sech no an no opgebaut. Eng sougenannt "kleng Verfassung" gouf am Februar 1919 am Sejm votéiert: Gewaltentrennung an allgemengt Walrecht, och fir d'Fraen, goufe garantéiert. Déi definitiv Verfassung, inspiréiert vun der där vum 3. Mee 1791 a vun der franséischer Drëtter Republik, ass de 17. Mäerz 1921 a Kraaft getrueden. De Sejm an de Senat hate wesentlech méi Muecht wéi de Staatspresident.

D'Zerspläiterung vun de Parteien, perséinlech Rivalitéiten, Fuerderunge vun de Minoritéiten, verschiddenaarteg administrativ, militäresch a wirtschaftlech Realitéiten an de fréieren Deelgebitter, eng Hyperinflatioun an héije Chômage hunn dozou geféiert, datt et keng stabil Regierunge gouf. Am Mee 1926 huet de Marschall Piłsudski an engem Putsch d'Muecht iwwerholl. Och aussepolitesch hat dat onofhängegt Polen et net einfach, well natierlech kee vu sengen Noperen territorial Verloschter an d'Presenz vun enger neier Muecht verquësst huet.

Trotzdeem konnt déi Zweet Republik sech bis zum Zweete Weltkrich als operstanenen, onofhängege Staat behaapten a weiderentwéckelen.

Bibliographie änneren

  • Dariusz Banaszak, Tomasz Biber, Maciej Leszczyński. Ilustrowane Dzieje Polski. Posiedlik, Raniowski, Stecki, Poznan, 1997.
  • Manfred Alexander Kleine Geschichte Polens. Reclam, Stuttgart, 2003.
  • Adam Zamoyski Poland. William Collins, London, 2009.
  • Norman Davies. God's Playground. A History of Poland. Vol. II 1795 to the Present. Columbia University Press, New York, 2005.
  • Łukasz Kamiński, Maciej Korkuć. 1050. Précis d'histoire de la Pologne 966-2016. Institut de la mémoire nationale, la Commission pour la poursuite des crimes contre la nation polonaise, Varsovie. Ministère des affaires étrangères de la République de Pologne. 2016 zu Krakau gedréckt.