Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Brandenburger Tor ass d'Symbol vu Berlin.

D'Brandenburger Tor zu Berlin

D'Brandenburger Tor steet um Pariser Platz um Enn vun der bekannter Strooss Unter den Linden.

Geschicht änneren

 
D'Brandenburger Tor nom Krich

1734 gouf eng Douanesmauer zu Berlin, als Grenz zur Stad Richtung Brandenburg gebaut. Den Ausbau vun der Mauer a senge Paarten huet de preisesche Kinnek Friedrich Wilhelm II. an de Jore 1788 bis 1791 vum Carl Gotthard Langhans am fréiklassizistesche Stil maache gelooss. Am Joer 1793 gouf d'Quadriga mat der Friddensgëttin Eirene am Sträitwon op d'Brandenburger Tor gesat. D'Quadriga staamt vum Johann Gottfried Shadow.

Architektur änneren

 
Quadriga um Brandenburger Tor

D'Brandenburger Tor ass 26 m héich, 65,5 m breet an 11 m déif. Et ass e Sandsteebau mat fënnef Duerchfaarten, dovun eng méi breet an der Mëtt.

Literatur änneren

  • Werner, Heike Architektur und Geschichte in Deutschland, Heike Werner Verlag, München (Däitschland), ISBN 3-9809471-1-4, 2006; Ss. 94-95.

Um Spaweck änneren

Commons: Brandenburger Tor – Biller, Videoen oder Audiodateien