De Marc Schmit, gebuer den 3. Juli 1985 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Seegeler an Olympionik.[1]

Marc Schmit
Gebuer 13. Juli 1985
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Segler
Gréisst 194 Zentimeter
Gewiicht 78 kg

De Sportler vun Nouspelt ass méifache Lëtzebuerger Champion a seegelt an der Bootsklass Laser. Hien ass am Yacht Club du Grand-Duché de Luxembourg engagéiert, trainéiert awer zum dacksten net um Stau selwer, mä a Südfrankräich.

De Schmit hat d'Qualifikatioun fir op d'Olympesch Summerspiller 2008 zu Peking net gepackt, krut awer am leschten Ament nach eng Wild Card a konnt du matfueren.

D'Participatioun vum Marc Schmit bei den Olympesche Summerspiller 2008 war net nëmme fir de Sportler eng Première, mä och fir d'Banneland Lëtzebuerg - et war dëst déi éischt Kéier datt de Grand-Duché am Seegele bei Olympesche Spiller vertruede gouf.

Palmarès änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. De Marc Schmit op der Websäit vu sports-reference.com