Office des publications de l'Union européenne
Den Office des publications de l'Union européenne (OPUE) ass e Verlag mat Sëtz zu Lëtzebuerg. Hie bréngt offiziell Publikatiounen, a soss Material eraus, dat vun enger vun den Institutioune vun der Europäescher Unioun, oder enger vun hiren Agencen, erausgi gëtt.
En ass de 16. Januar 1969 als Office des publications officielles des Communautés européennes gegrënnt ginn[1] a gouf de 26. Juni 2009 zum haitegen Numm ëmgenannt. [2] Administrativ ass et eng Generaldirektioun vun der Europäescher Kommissioun.
Mat déi wichtegst Verëffentlechung ass de Journal officiel vun der Europäescher Unioun a véieranzwanzeg Sproochen, deen zanter dem 1. Juli 2013 just nach elektronesch erauskënnt.
Aner wichteg Datebanken, déi vum Office géréiert ginn, sinn EUR-Lex (Rechtsakte vun der EU), Tenders Electronic Daily (fir europawäit ëffentlech Ausschreiwungen), CORDIS (Resultater vu Fuerschungsaarbechten, déi vun der EU (mat)finazéiert goufen) an den EU Open Data Portal, wou een ëffentlech zougänglech Donnéeën zu alles méiglechem fënnt.
Um SpaweckÄnneren
- op.europa.eu, Websäit vum Office
ReferenzenÄnneren
- ↑ Décision du 16 janvier 1969 portant installation de l'Office des publications officielles des Communautés européennes, eurlex
- ↑ 2009/496/CE,Euratom: Décision du Parlement européen, du Conseil, de la Commission, de la Cour de justice, de la Cour des comptes, du Comité économique et social européen et du Comité des régions du 26 juin 2009 relative à l'organisation et au fonctionnement de l'Office des publications de l'Union européenne . eur-lex.europa.eu.